cityapp Niederanven

De Schäfferot ass houfreg Iech iwwert déi nei Versioun vun der cityapp Niederanven ze informéieren. 
D'cityapp Niederanven gëtt et schonns zanter 2018 an eiser Gemeng, ma vun elo u fannt Dir se am Apple Store an am Google Play Store an engem ganz neie Look.

Nach méi modern, nach méi informativ, nach méi benotzerfrëndlech - lued Iech d'cityapp Niederanven erof, respektiv maacht en Update vun der App, an tippt Iech duerch!

Dank Iech hu mer scho sëllech Problemer an der Gemeng geléist, Trëppelweeër gi méi genotzt an duerch äre Feedback kënne mer eis zukünfteg Ëmfroen besser auswäerten. Als Plus hu Dir d'Horairë vum Bus am Iwwerbléck an weiderhin d'Iwwersiicht iwwert d'Aktualitéiten an den Agenda an der Gemeng.

De Schäfferot seet dem Syndicat d'Initiative de la Commune de Niederanven, de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Niederanven an HotCity Merci fir Zesummenaarbecht an d'Realisatioun vun dësem Projet.