Covid Schnelltester

02.08.2021

Zënter kuerzem ass et erëm méiglech a Restauranten a Caféen kënnen eranzegoen. Fir dobannen ze konsomméieren muss all Client allerdéngs als éischt mat engem offiziellem Schnelltest beweisen datt hien net de Covid-19 Virus huet.

Fir Restaurateuren a Caféen méi ze ënnerstëtzen, mee och fir dem Bierger e Besuch an engem  Restaurant oder Café ze erliichteren, d.h. ouni Zäit fir en Test am Etablissement selwer ze verléieren, offréiert d'Gemeng Nidderaanwen hire Bierger e Bong fir e Gratis Schnelltest an dëst soulaang der do sinn.

De Bierger kann dëse Bong an der Gemeng ab haut ofhuelen an duerno vun engem Professionellen aus der Santé getest ginn, an zwar an der

Apdikt Nidderaanwen

77, rue Laach

L-6945 Nidderaanwen

(nëmmen op Rendez-vous um 34 87 48)

Do kritt een dann en Certificat vum Resultat, gülteg fir 24 Stonnen, den dann fir an e Restaurant oder Bistro benotzt ka ginn.

Bréngt w.e.g. Är Identitéitskaart an Är Sozialversécherungskaart mat.

Wann Dir Symptomer vu Covid-19 hutt, kontaktéiert w.e.g. Ären Dokter. An dësem Fall gitt w.e.g. net an d'Apdikt fir den Test ze maachen.

Och Folgendes liesen