Vëlosweeër

D’Piste “La Vallée de la Syre” 

De Syrdall ass voll vu wonnerbare Landschaften, schéine Vuen a Naturreservater; op dat elo Fiischt Gebidder sinn oder Dréche Wisen, ob Bëscher mat frësche Quellen oder historesche Monumenter oder einfach nëmmen kulinaresche Spezialitéiten.

Just beim Ufank vum Lëtzebuerger Sandsteen Gebitt, vu Richtung südwest bis nordost leeft de Floss Syre, tëscht Méideng an Nidderaanwen, duerch eng Landschaft vum Keuper a roud-groem Kallek Miergel Buedem geprägt. Tëscht Iwwersyren a Menster läit e grousst Fiicht Gebitt mat grousse Schilf Flächen laanscht den Ufer vun der Syre, déi no 32 km an d’Musel leeft. D’Schilf Gebitt zu Iwwersiren ass dat gréissten zesummenhängend Schilf Gebitt op nationaler Ebene, heescht “Schlammwiss” a weist vill verschidden rar Vullen Zorten op vun deenen der vill ënner Naturschutz stinn.
Et ass eng hiwweleg Landschaft, vun ale Wéngerten, Hecken a Bëscher, déi sech laanscht de ganze Laf vun der Syre zéien. D’Naturreservat “Aarnescht”, dat bekannt ass fir seng seelen Orchideeën ass einfach mam Vëlo ze erreechen a lued zu engem schéinen Tour an.

Déi Cyclisten déi léiwer am Schied fueren, fannen op der Piste duerch de Grengewald hiert Gléck, e Bësch dee vill Gemengen erreecht an dat gréissten zesummenhängende Bësch Gebitt vu Lëtzebuerg duerstellt.

De Gréngewald spillt eng ganz wichteg Roll an der Waasser Versuergung fir déi ëmleiend Gemengen. Effektiv ass d’lëtzebuereger Sandsteen Gebitt ganz räich u Quellen a garantéiert den Erhalt vun der Nappe phréatique zu Lëtzebuerg.

Vill Quellen ginn och genotzt fir den Drénkwaasser System ze speisen. Et ass de Spazéier Léier Wee “Birelergronn” den ganz besonnesch gutt weist wéi d’Landschaft der Drénkwaasser Produktioun déngt.

An der selwechter Géigend befënnt sech och den eenzege Flughafen vu Lëtzebuerg. Wéinst senger Proximitéit zu der Stad spillt de SIAS dofir eng wichteg ekonomesch Roll op nationalem Plang. Verschidden Industrie Zonen si ronderëm de Flughafen, d’Tréierer Autobunn an der Zuch Linn Lëtzebuerg-Waasserbëlleg entstanen, d’Nofro vu neie Wunn Gebidder gëtt ëmmer méi grouss, an déi al Dierfer ronderëm sinn esouwäit all wonnerschéin renovéiert.

Déi ofwiesselungsräich Géigend am SIAS Gebitt béid all Vëlosfuerer eng onverwiesselbar Landschaft a Loscht fir nach méi ze entdecken. Zum Beispill ginn et hei och nach vill Témoignagen vu de Réimer, déi schonn déi Zäit d’Virdeeler vun der Natur hei ëm d’Syre ze schätze woussten. Nach haut ginn et op deenen ale Réimerstroossen nach Nimm ewéi  “rue du Kiem” oder “Um Kiem” déi dat beleeën.

Dës Vëlo’s Piste verbënnt d’Gemenge Betzder, Conter, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter a Weiler-zum-Tuerm.

Hei kënnt Dir d’Broschür mat den dozou gehéierende Kaarten eroflueden

Dës Brochure ass och an alle SIAS Gemengen ze kréien.

 

D’Vëlo’s Pisten vum nationalem Réseau

Dat ganzt nationaalt Vëlo’s Weeër Netz sollt per Gesetz 950 km laang sinn an zur Zäit si schonn 650 km dovu realiséiert. Eng Erweiderung vum Netz, aktuell 23 Pisten, kéint nëmmen duerch eng Ännerung vum Gesetz vu 1999 gemaach ginn.

Nom Gesetz vum 6 Juli 1999 war d’Abteilung vun den « Travaux Publics » ugestallt ginn fir e kohärent Netz vu Vëlo’s Pisten a verschiddene Géigenden mat speziellen ekonomeschen an touristeschen Intérêten unzeleeën an se all mateneen ze verbannen.

Dëse Réseau muss op alle Pisten en héije Standard a punkto Zoustand garantéieren an alle Gemengen erlaben sech dorun unzeschléissen.

Vill Gemengen maachen dann och nach eege Pisten déi si dann mat dem groussen nationalem Netz verbannen an esou d’Promotioun vun der doucer Mobilitéit ënnerstëtzen.

Well de Grand-Duché eng relativ onregelméisseg Topographie huet (deen déifste Punkt zu Waasserbëlleg mat 132 m an deen héchsten op der Buurgplaaz zu Huldang mat 559m), konnt ee beim Tracé net ëmmer einfach den Hiwwelen oder den Däller nofueren, mee et war ee gezwongen verschidde Weeër speziell ze berechnen an sech de Längsprofiler unzepassen, fir dass se eben net ze géi sinn.

All Notzer vun de Vëlo’s Pisten si gezwongen sech un de Code de la Route ze halen bzw. un d’Reglementer déi am rezent verëffentlechtem « Code de la Rue » (Verhaalensregelen fir Foussgänger, Vëlo’s Fuerer, Motos- an Autos Chaufferen) erkläert sinn.

Jiddereen sollt en adaptéierten Helm unhunn an d’Cyclisten mussen sech ëmmer riets op der Piste halen.

Folgend Pisten ginn duerch d’Syrdall Regioun :

Hei kommt Dir op de Site vum nationale Vëlo’s Réseau