Wanderweeër
SentiersDeRandonné

Loosst eis eis Gemeng ze Fouss entdecken!

Zesumme mat Visit Guttland, der Administration de la Nature et des Forêts an dem Syndicat d'Initiative de la Commune de Niederanven ginn an der Gemeng sämtlech Wanderweeër nei geplangt an ëmstrukturéiert. D'Zil ass et, d'Quantitéit vun de Weeër ze miniméieren, fir d'Qualitéit ze steigeren, bzw. op engem heijen Niveau erhalen ze kënnen. 

Op dëser Säit presentéiere mir Iech no an no d'Wanderweeër aus der Gemeng Nidderaanwen - vill Spaass beim entdecken!

APSenningerberg

De Circuit féiert duerch ofgeleeë Bëscher, besonnesch duerch dee wonnerschéine Gréngewald, dat gréissten zesummenhängend Bëschgebitt vu Lëtzebuerg.

De Wanderwee ass a béid Richtunge markéiert. Gitt wgl. de wäiss-bloe Markéierungszeechen no.

Detailer iwwert de Circuit:

  • Schwieregkeet: einfach
  • Héijste Punkt: 424 Hm
  • Niddregste Punkt: 364 Hm
  • Montée: 11 Hm
  • Descente: 126 Hm
  • Hondsgerecht

GPX: circuit-auto-pedestre-senningerberg.gpx

Fir weider Informatiounen, besicht d'Internetsäit vu Visit Guttland.

Guttland.Trail_Aarnescht_Header

Beandrockend Flächen an eng eenzegaarteg Natur

Grouss Wisen, Felder a Bëscher féieren duerch dat eenzegaartegt Naturschutzgebitt ,,Aarnescht''. Dat eemolegt Akerland ass bekannt fir säi Mikroklima a seng grouss Vegetatiounsvillwalt, wéi seng Orchideeën.
E Paradäis fir Planzen, Déieren, ma awer och Wanderer!

Méi Informatiounen iwwert de Wanderwee fannt Dir op www.guttlandtrails.lu.

 

Kannerwee_Groussebesch_Header

Geschwë fannt Dir hei méi Infos iwwert den thematesche Wanderwee fir Kanner durch de Groussebësch!