Gemengebudget

Haut zou

Foto-Budget24

Budget 2024

De Budget ass esou wuel e politesche wéi och rechtlechen Akt; e gëtt vum Gemengerot beschloss a vum Inneministère accordéiert. En ass opgedeelt an en uerdentlecht an en ausseruerdentlecht Kapitel, sou wuel fir d'Recettë wéi och fir d'Depensen. Den uerdentlechen Deel ëmfaasst déi lafend Recetten an Depensen, wärend deem den ausseruerdentlechen Deel d'Transaktioune vum Kapital ofdeckt. 

De Budget gëtt vum Schäfferot am Kader vun enger nohalteger Entwécklungspolitik opgestallt an ass Deel vun der Ëmsetzung vun der Schäfferotserklärung 2023-2029. 

D'politesch Prioritéite fir de Schäfferot sinn:

  •  d'Servicer fir d'Bierger ausbauen
  •  en harmonescht Zesummeliewe fërderen
  •  Klimaneutralitéit erreechen

Dee vum Schäfferot wärend der Gemengerotssëtzung vum 29. November 2023 presentéierte Budget fir d'Joer 2024, ass vum Gemengerot wärend der Sëtzung vum 8. Dezember 2023 gestëmmt ginn. 

De komplette Budget fir d'Joer 2024 fannt Dir hei drënner:

Ausseruerdentlech Ausgaben, déi op deenen 3 groussen Ziler vum Schäfferot baséieren

Budget2024_DépensesExtraordinaires-1_0
Budget2024_DépensesExtraordinaires-2
Budget2024_DépensesExtraordinaires-3