De Méinden, 4. Dezember, ass de Kleesche fir d'Kanner bis 4 Joer op d'Gemeng op d'Besuch komm an huet hinnen eng Titchen iwwerreecht. Merci Kleeschen, dass du Zäit fonnt hues fir bei eis laanscht ze kommen a Merci der Fanfare ,,La Réunion'' Hueschtert fir déi musikalesch Begleedung!
Den Donneschden, 23. November 2023, huet d'Klass aus dem Cycle 4.1 aus der Schoul Am Sand richteg eng Hand ugepak. Am Kader vun der Woch vum Bam goufen nämlech zesumme mam SIAS verschidden Zorten Uebstbeem um Site vun der Schoul geplanzt.
Le lundi 20 novembre 2023, le Collège échevinal a invité les membres et secrétaires des commissions consultatives, des équipes citoyens et des organes à une réunion de présentation et de rencontre qui fut clôturée par un verre d'amitié.
Am Kader vum Nationalen Dag vum Bam, huet de Schäfferot, zesumme mam Gäertnerdéngscht, dem SIAS an der Natur- a Forstverwaltung de Samschden, 18. November, op d'Planzaktioun fir déi Neigebueren 2022 invitéiert. Wärend der Aktioun goufe verschidden Héichstämm, Sträich a Blummebeeter geplanzt. Fir all Kand war e Strauch fir ze setze virgesinn an no der Planzaktioun huet d'Gemengeverwaltung op e Barbecue agelueden.
De Freiden, 17. November, hu mir op d'Sportleréierung invitéiert. Wärend engem flotte Programm goufen eng ronn 160 Diplomer un d'Sportlerinnen a Sportler aus eiser Gemeng, fir hir aussergewéinlech sportlech Leeschtung wärend dem Joer 2022/23, ausgedeelt. Felicitatiounen u jiddereen!
Danzoptrëtt: I.D.E.A. Dance
Musikaleschen Optrëtt: Nicool