Environment in the commune

D’ Natur läit der Gemeng Nidderaanwen säit jeehier um Häerz. E Groussdeel vum Gréngewald, deem gréissten zesummenhänkende Bësch vu Lëtzebuerg läit um Territoire vun eiser Gemeng. Eng ganz Rei Natura-2000-Schutzzonen a virun allem och d’Naturschutzgebidd op der Aarnëscht gehéieren zu eisem Patrimoine, deen et als Gemeng onbedéngt, am Interessi vun alle Bierger  ze erhalen gëllt.

Säit 1974 engagéiert sech d'Gemeng Nidderaanwen am Gemengesyndikat SIAS fir aktiven Ëmwelt a Naturschutz.

Am Joer 2006 ass d'Gemeng Nidderaanwen och dem Klimabündnis Lëtzebuerg bäigetrueden. Als Klimabündnis-Gemeng setzt  Nidderaanwen sech och dofir an, der Klimaerwiermung op lokalem Plang entgéintzewierken, dëst virun allem als Verflichtung vis-à-vis vun den zukünftege Generatiounen.  

Nidderaanwen ass och eng Fairtrade-Gemeng an iwwerhëlt domat och Verantwortung fir de  Produzenten an der Drëtter Welt e méi en héicht  Akommes an domat e bessert Liewen ze erméiglechen.

Mir schaffen an deem Beräich mat enger Rei vu kompetente Partner zesummen, déi eis mat hirem Fachwëssen aktiv ënnerstëtzen: