De Freiden, 7. Juli, war e ganz besonnesche Rendez-vous virum Gemengenhaus. Zesumme mat der Lëtzebuerger Rousefrënn asbl, hu mir bei sonnegem Wieder op d'Daf vun der Rous ,,Andethanna'' invitéiert. De fréiere Buergermeeschter vun Nidderaanwen, den Här Raymond Weydert, ass Pätter, an d'Damme Roberta Dario, Rose Scharfe-Hansen a Christiane Bour si Giedel vun der Rous ginn. D'Feierlechkeet ronderëm d'Rous ,,Andethanna'' war a Presenz vun der Presidentin vun der Lëtzebuerger Rousefrënn asbl, der Madamm Maryse Weirig-Hensel, dem Ziichter vun der Rous, dem Här Martin Vissers an dem Direkter vun der ASTA a Representant vum Agrarminister, dem Här Marc Weyland. Musikalesch begleet gouf dëst Event vun der Nidderaanwener Museksschoul.
Nationalfeierdag an der Gemeng Nidderaanwen - ëmmer nees e flotte Rendez-vous op deem sech d'BiergerInnen aus der Gemeng zesummefannen. No der Blummennéierleeung beim ,,Monument aux morts'' goung et weider an d'Porkierch zu Hueschtert. Nom Te Deum ass et am Cortège bei d'Gemeng op Ueweraanwen gaangen, wou sech d'Leit bei der Gemeng fir d'Usprooch vum Buergermeeschter Raymond Weydert an d'Nationalhymn versammelt haten. De Mëtteg gouf bei guddem Iessen a Gedrénks a flotter Animatioun ausklénge gelooss.