Straussfeier vum Policegebai Nidderaanwen
2023.05.22
De Samschden, 13. Mee, huet de Schäfferot, zesumme mat der Police Lëtzebuerg, op d’Straussfeier vum neie Policegebai zu Nidderaanwen invitéiert. A Presenz vum Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, gouf de Projet vum Policegebai, dat an Zukunft d’Gemengen Nidderaanwen, Betzder, Schëtter, Sandweiler a Conter couvréiert, virgestallt an eng Visitt duerch d’Raimlechkeeten ënnerholl.