Dag vun der Porte ouverte
2022.10.15
Fir en Abléck an de Fonctionnement vun eiser Gemeng ze kréien a mat de politesch Responsabelen an d’Gespréich ze kommen, hat d’Gemeng Nidderaanwen am Kader vum „Dag vun der Porte ouverte“ Samschdeg, de 15. Oktober seng Diere fir seng Biergerinnen a Bierger op.
Folgendes stung um Programm:
- Accueil „Café-Croissant“
- Visitt vun de verschiddene Servicer op der Gemeng
- Kanneranimatioun mat Niedz4kidz
- Visitt vun der Mme Minister Taina Bofferding an Austausch mat de Gemengepolitiker mat engem Patt fir ofzeschléissen.