Art & culture
2026-11-19 00:00:00+01:00

Movie Time: D’Belle Epoque (LU)

19.11.2026

SICN Movie Time 2026
Informations générales
Date & heure : Jeudi le 19 novembre 2026 de 20:00 - 22:00
Lieu :
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Movie Time: D’Belle Epoque (LU)

De Syndicat d’Initiative vun der Gemeng Nidderaanwen invitéiert, an Zesummenaarbecht mat de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Nidderaanwen, op de lëtzebuergeschen Documentaire D’Belle Epoque vum Andy Bausch.

Introductioun zur Belle Epoque: Claude Frieseisen

D'Belle Époque ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch (Paul Thilges Distributions). Thematiséiert ginn, an engem Réckbléck vum August 1914 aus, ë. a. d'Arbed mat hiren neie Schmelzen, d'italieenesch Immigratioun, d'Groussherzogin Marie-Adelaïde, d'Thermalbad Munneref, de John Grün, d'Schueberfouer, dem C. M. Spoo seng Ried op Lëtzebuergesch an der Chamber, d'Entstoe vu politesche Parteien a Gewerkschaften.

Gratis Entrée

Téléchargements