Vie communale
2026-11-08 00:00:00+01:00

Bazar vum Privaten Déireschutz

08.11.2026

Agenda-Déierschutz-Bazar
Informations générales
Date & heure : Dimanche le 08 novembre 2026 de 11:00 - 18:00
Lieu :
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Kommt laanscht an entdeckt eis Schätz! 
Dir hutt Loscht op e bësse Stöberen, flott Kaddoen a kleng Iwwerraschungen? Da markéiert Iech dësen Datum am Kalenner!

Op eisem Bazar gëtt et villes ze entdecken: Kaddoen, honnerte Bicher, handgemaachten Decken a Poschen, flott Accessoiren, Saache mam Logo vum Privaten Déiereschutz, Kleeder, Geschier, Deko a villes méi!
An natierlech eis Tombola: Tëscht 1.100 an 1.200 Lousen – an all Lous gewënnt!
Fir de klenge Maufel zwëschenduerch ass och gesuergt: Eis Cafeteria bitt Pâtisserie a Sandwichen un. Dir kënnt och ee vun eisen zwee Mëttegmenüe reservéieren.

Mat all Besuch ënnerstëtzt Dir eis Déiereschutzaarbecht.
Sonndeg, den 8. November 2026 vun 11:00 bis 18:00 Auer am Centre Polyvalent A Schommesch (18, rue d’Ernster, L-6977 Oberanven)
Fir ze parken, fuert w.e.g. op de Parking um Sand.

Bréngt Är Famill a Frënn mat, invitéiert se op dëst Event a verbréngt e flotte Sonndeg mat eis! Mir freeën eis op Iech! 

Téléchargements