Eischte regionale Klimadag
23.05.2023
De SIAS huet zesumme mat senge véier Grënnungsmembere Conter, Sandweiler, Schëtter an Nidderaanwen de 7. Mee 2023 den 1. regionale Klimadag organiséiert. Am Recyclingzenter Minsbech sinn d'Visiteure vun 10h30 bis 18h00 méi iwwert d'Klima a seng Verbindunge mat Energie, Ressourcen, Kreeslafwirtschaft a Landwirtschaft gewuer ginn. Iwwert de ganzen Dag goufe flott Ateliere fir all Alter, live Virträg, interaktiv Stänn, e Repair Café an Opféierunge fir Kanner ofgehalen.
Fotoe vum Fotoclub Gemeng Nidderaanwen