Frësch an den Drock an ab an d’Klassen domat! De Mëttwoch, 20. September 2023, huet de Schäfferot d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2 aus der Schoul Am Sand besicht fir hinnen - als éischt Kanner aus der Gemeng - eng Kannerkaart auszedeelen.
Bei wonnerschéinem Wieder hu mir de Sonnden, 24. September 2023, zesumme mam SICN, der ANF a Visitt Guttland - a Präsenz vum Minister fir Tourismus, dem Här Lex Delles - de Guttland.Trail Aarnescht ageweit.
Vill Naturfrënn hu sech der Aweiung ugeschloss, ier et dunn zesumme mam Fierschter op den 9,5 km laangen Trëppeltour gaangen ass.
Sou fänkt den Dag gutt un!
Am Kader vun der Mobilitéitswoch hunn d'Membere vum Schäffen- a Gemengerot de Freiden, 22. September, moies Croissante mat Fairtrade Schockela verdeelt, fir den Notzer vum ëffentlechen Transport Merci ze soen!
A wéi Abbes, B wéi Betty, C wéi Chrëscht an D wéi Dolly - dat sinn déi nei Nimm vun de Pedibus-Maskottercher!
Den 20. September 2023 huet de Schäfferot zesumme mat der Ekipp vun Niedz4Kidz am Kader vun der Mobilitéitswoch d'Kanner, déi de Pedibus huelen, moies virun der Schoul ,,Am Sand'' iwwerrascht an hinnen eng flott Kap mat engem Maskottchen drop geschenkt.