Wanderweeër
SentiersDeRandonné

Loosst eis eis Gemeng ze Fouss entdecken!

Zesumme mat Visit Guttland, der Administration de la Nature et des Forêts an dem Syndicat d'Initiative de la Commune de Niederanven ginn an der Gemeng sämtlech Wanderweeër nei geplangt an ëmstrukturéiert. D'Zil ass et, d'Quantitéit vun de Weeër ze miniméieren, fir d'Qualitéit ze steigeren, bzw. op engem heijen Niveau erhalen ze kënnen. 

Op dëser Säit presentéiere mir Iech no an no d'Wanderweeër aus der Gemeng Nidderaanwen - vill Spaass beim entdecken!

Kannerwee Groussebësch

Foto-Kannerwee

Loscht en Dag mat Äre Kanner an der Natur ze verbréngen? Wéi wier et da mat enger schéiner Wanderung, bei där Dir op d'Spuere vum Maarkollef gitt? De Kannerwee Groussebësch ass deen éischten Themewee fir Kanner duerch de Groussebësch.

De Wee verleeft op enger Längt vun 2,5 km duerch de Groussebësch. Dovu sinn allerdéngs ronn 400 m op net befestegtem Buedem, dee jee no Wiederkonditiounen net fir Kannerkutschen oder Rollstill gëeegent ass.
Lass geet et am Agang vum Groussebësch beim Fligermonument laanscht d'N1 tëschent Nidderaanwen a Rued/Syr.

Auto-pédestre Senningerberg

APSenningerberg

De Circuit féiert gréisstendeels duerch ofgeleeë Bëscher, virun allem duerch dee schéine Gréngewald, deen als gréissten zesummenhängend Bëschgebitt vu Lëtzebuerg gëllt. De Wanderwee verleeft a béid Richtungen. Gitt wgl. de wäiss-bloe Markéierungen no.

Hei e puer Detailer:

  • Schwieregkeet: facile
  • héchste Punkt: 424 Hm
  • niddregste Punkt: 364 Hm
  • Montée: 11 Hm
  • Descente: 126 Hm
  • fir Hënn gëeegent

GPX: circuit-auto-pedestre-senningerberg.gpx
Fir méi Informatiounen, besicht och d'Internetsäit vu Visit Guttland.

 

Guttland.Trail Aarnescht

Guttland.Trail_Aarnescht_Header

Grouss Wisen, Felder a Bëscher féieren duerch dat eenzegaartegt Naturschutzgebitt ,,Aarnescht''. Dat eemolegt Akerland ass bekannt fir säi Mikroklima a seng grouss Vegetatiounsvillwalt, wéi seng Orchideeën.
E Paradäis fir Planzen, Déieren, ma awer och Wanderer!

Méi Informatiounen iwwert de Wanderwee fannt Dir op www.guttlandtrails.lu.