Europawalen 2024

Haut zou

Foto-Walen-header (1)

Am Häerz vun Europa wielen ech!

Den 9. Juni 2024 sinn all d’Lëtzebuerger an all déi an d’Wielerlëschten agedroe Residente mat enger EU-Staatsbiergerschaft opgeruff fir 6 Vertrieder vum Grand-Duché am Europäesche Parlament ze wielen.

All Informatiounen heizou fannt Dir hei drënner:

banner_jepeuxvoterEU_1480x510px

 

 

Dir sidd Europäer, awer nach net an d'Wielerlëschte fir d'Europawalen, den 9. Juni 2024 ageschriwwen? Da kommt an de Populatiounsbüro oder mellt Iech iwwer myguichet.lu bis de 15. Abrëll 2024 um 17h00 un.

D'Walbüroe sinn an den Uertschaften Nidderaanwen an Ueweraanwen. D'Wieler aus den Uerschaften Nidderaanwen, Senneng a Sennengerbierg wäerten zu Nidderaanwen wielen an déi aus Iernster, Hueschtert, Ueweraanwen, Rammeldang a vum Waldhaff zu Ueweraanwen.

Et ass Iech net méiglech den 9. Juni 2024 perséinlech an Äre Walbüro ze kommen? An dësem Fall kënnt Dir Iech fir d'Bréifwal decidéieren! D'Demande kënnt Dir elektronesch iwwer myguichet.lu oder iwwer e Formulaire maachen, den Dir op der Gemeng kritt, an dat fréistens ab dem 18. Mäerz 2024 a spéitsdens bis den 30. Abrëll 2024 (Envoi an d'Ausland) oder de 15. Mee 2024 (Envoi a Lëtzebuerg).

Spéitstens fënnef Deeg virum Walsonndeg kritt Dir eng Convocatioun mat allen néidegen Informatiounen zu Ärem Walbüro an den Ëffnungszäiten, e Muster vum Walziedel an den Instruktiounen zougeschéckt. Um Walsonndeg musst Dir tëschent 8 Auer moies an 2 Auer mëttes, mat Ärem Identitéitsdokument an Äre Walbüro goen.