Fir eng nei Spillplaz am Quartier Wakelter
14.09.2023
Eng flott Initiativ vun de Kanner aus dem Quartier Wakelter. Ganz am Sënn vun Niedz4Kidz sinn d'Kanner op eis duerkomm, fir d'Spillplaz am Wakelter ze moderniséieren an un hir Besoinen unzepassen. Mir soe Merci fir déi super Iddien - spéitsdens nächste Summer kënnen d'Awunner aus dem Quartier vun enger neier Spillplaz mat flotte Sportsoffere profitéieren.