D'Sportsveräiner
foto-clubsportifs-header
Niederanven_Logo_MOVE_L_RGB

Ënnert dem Slogan ,,Nied2Move'' wëlle mir de Sport an eiser Gemeng fërderen. Op dëser Säit stelle mir Iech d'Sportsveräiner vir. Liest Iech d'Interviewen duerch an informéiert Iech iwwert d'Sportsofferen an der Gemeng Nidderaanwen.

AMICALE DE LA PETANQUE
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Mir spille Petanque am ,,Parc des Loisirs'' zu Nidderaanwen. Vu 6 Joer u ka jidderee bei ons matspillen. Kanner bis 12 Joer musse vun engem Erwuessene begleet ginn.

  • Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Et brauch ee keng speziell Kenntnësser oder kierperlech Virraussetzunge matzebréngen!

  • Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

Mir spille keng Kompetitiounen, si keng Profien a leeë Wäert op komerodschaftlecht Verhalen.

  • Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

D'Memberskaart kascht bei eis 25€.

  • Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Weider Informatioune kritt dir beim Leo Breyer (Tél.: 34 03 59, E-mail: lbreyer@pt.lu).

ASIFEC VOLLEYBALL NIEDERANVEN
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Mir treffen eis eemol d'Woch fir ronn 2,5 Stonnen Volleyball ze spillen, all Mëttwoch den Owend. Mir sinn eng gemëscht Ekipp mat Membere vun ugangs 20 bis iwwer 60 Joer.

  •  Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Et brauch ee keng Lizenz. Mir hunn e puer Ex-Spiller an eiser Ekipp, awer erëm ass dëst keng Viraussetzung, fir matzespillen! Gutt Reaktiounsfäegkeet, gutt Ballkontroll, souwéi e bëssen Erfarung am Volleyball soll een awer scho matbréngen.

  •  Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

Spaass um Volleyball an engem multikulturellen Ëmfeld (eis Memberen hunn +/- 7 verschidden Natiounen) an en exzellenten Teamgeescht!

  •  Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Mir hiewe keng Kotisatioun op.

  •  Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Weider Informatioune kritt dir beim Carlo Weber (carloweb@pt.lu).

BBC GRENGEWALD HUESCHTERT_0
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Mir proposéieren e flotte Basketballtraining vu 7 Joer un. D'Lill Greens sinn esou guer scho fir ab 3 Joer, awer net spezifesch op Basket getrimmt.

  •   Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Guer keng! Just Spaass un der Saach! 

  • Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

Mir leeën am meeschte Wäert op d'Jugendaarbecht- déi d'Zukunft vun all Club ass.

  •   Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Gestaffelt no Alter läit d'Kotisatioun bei 200€ bis 300€. 

  • Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Melle kënnt dir iech per E-mail via secretariat@bbc-grengewald.lu.

E-MTB GRENGEWALD_0
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Mir ginn zesumme mam E-Mountainbike fueren.

  •   Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Et muss een en E-Mountainbike hunn a mindestens 18 Joer hunn.

  • Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

D'Memberskaart kascht bei eis 15€.

  •   Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Weider Informatioune kritt dir per E-mail via emtb.grengewald@yahoo.com.

FC US HOSTERT_0
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Den FC US Hostert ass e Fussballsveräin dee säit 1946 an der Gemeng Nidderaanwen existéiert. Et gi verschidde Jugendkategorien an deenen ee spille kann. Eis klengsten Ekippe sinn d’Bambini’en (U7).

  •   Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Et soll ee Spaass um Sport an notamment och um Ekippesport matbréngen. Motivatioun, Spaass an de richtegen Asaz fir sech selwer a seng Teamkameroden sinn d’Grondviraussetzungen déi en soll matbréngen.

  •   Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

De Slogan “FC US Hueschtert, méi wéi een Fussballsveräin” spiggelt d’Leitmotiv vun eisem Veräin perfekt erëm. Mir sinn ee Veräin mat engem eenzegaartegen Ëmfeld no um Gréngewald geleeë mat Traditioun wou d’Jugend e grousse Stellewaërt huet. D’Freed um Sport an dat mënschlecht Matenee stinn dobäi ëmmer am Mëttelpunkt.

  •   Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Eng Memberskaart kascht 150€ pro Saison.

  •   Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Fir weider Informatiounen kënnt der iech un de Comité wenden (fcush@pt.lu) oder direkt un eis Jugendkommissioun (cdj@ushostert.lu).

IDEA DANCE_0
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Mir sinn eng Danzschoul, déi haaptsächlech Coursen fir Kanner am Alter vun 3 bis 15 Joer ubitt. An eiser Offer si Ballett-, Jazz- an Hiphopcoursen ze fannen. Donieft bidde mir een Jazzcours fir Erwuessener un.

  •    Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Viraussetzungen brauch een u sech keng, et soll een einfach Loscht a Freed um Danzen hunn. Allerdéngs dierf de Gruppegeescht net feelen!

  •    Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

Eis ass et wichteg, datt eis kleng (a grouss) Membere sech wuel fillen a Freed bei deem hunn, wat se maachen. Allerdéngs leeë mir och Wäert op e gutt Behuelen, sou datt mer e flott Matenee kënnen hunn.

Doriwwer eraus ass et eis natierlech wichteg, eise klengen Däenzer(innen) qualitativ héichwäerteg Coursen unzebidden.

  •    Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Bei eis bezillt een pro Cours a pro Joer. Een Eenzelcours kascht z.B. 270€ d’Joer, mat der Méiglechkeet zum Deel rembourséiert ze ginn, wann een am Laf vum Joer ophält (90€ pro Trimester).

  •    Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Weider Informatiounen fannt Dir op eiser Homepage www.idea-niederanven.com oder Dir kënnt Iech via E-Mail un eis wenden: idea.niederanven@mail.com.

KARATE CLUB NIEDERANVEN_0
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Mir bidden Karate-Course fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener un. Bei eis kënnen d'Kanner ab 5 Joer trainéiere kommen.

  •    Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Sech fir den Karate interesséieren, sportlech motivéiert sinn.

  •    Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

Mir sinn en dynameschen Veräin. Mir leeë grousse Wäert op Respekt an Disziplin a selbstverständlech soll eise Sport och Spaass maachen.

  •    Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Eis Präisser si verschidden, jee nodeem a wat fir engem Grupp een trainéiert (Débutants, Avancés, Elite).

  •    Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Fir weider Informatiounen ze kréien, kennt Dir Iech gären iwwer E-Mail via sekretariat@karateclub-niederanven.eu bei eis mellen.

KLOTERKLUB NIEDERANVEN_0
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Eise Veräin ass ee Kloterverain. Un der Klotermauer zu Nidderaanwen an der Hal kënnen Erwuessener, Jugendlecher a Kanner klamme léiren an hiren Niveau verbesseren. De KKN bitt am Kader vu sengen Traininger och Aktivitéiten dobaussen un, wéi z.B. klammen um Fiels (z.B. Berdorf) oder en Ausfluch an d’Alpen fir dat Alpin Klammen.

Kanner vun 7 Joer u kënnen sech bei eis am Club aschreiwen.

  •    Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Et muss ee min. 7 Joer al si fir sech kënnen an e Kannercours anzeschreiwen. Donieft soll ee bei gudder Gesondheet sinn an iwwert den néidege Serieux a Respekt fir d'Sportart verfügen. Beim Klammen an der Hal handelt et sech zwar net onbedéngt ëm eng klassesch ,,Risikosportart'', et bleift awer ëmmer e ,,Sport mat Risiko''. Dofir ass et wichteg, dass ee beim Klammen disziplinéiert ass, den Instruktioune vun den Traineren nolauschtert a befollegt a seng Mesures de Sécurité serieux anhält. Wann ee sech un all déi Saachen hält, kann am Prinzip näischt geschéien. Da kënnen och 7-järeg Kanner ouni Problem aner Kanner beim Klamme sécheren.

  •    Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

De KKN zeechent sech duerch e ganzt familiäärt Ëmfelt aus. Mir probéieren, eise Memberen eng optimal Offer un Aktivitéiten ze bidden. Ausserdeem probéiere mir, doduerch, dass mir d'Routen un eiser Mauer ëmmer erëm veränneren, den Training interessant ze gestalten. De KKN ass ausserdeem, wéi awer och déi aner Veräiner aus der Gemeng, eng Ulafstell fir Leit, déi vun de verschiddensten Nationalitéiten. Déi Diversitéit u Memberen ass eng weider Plus-Value vun eisem Klub. 

  •    Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Eng Memberskaart kascht 100€ fir eng Saison. Déi Erwuesse Kloterer, déi schonn e bëssen Experienz hunn, kënne quasi all Dag un der ,,Escalade libre'' deelhuelen. Kanner bezuelen 100€ fir 1 Kannertraining an der Woch (meeschtens 1-1,5 Stonnen). Jiddereen, dee bei eis un der Mauer wëll klammen, muss eng Memberskaart hunn.  

  • Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Op der Internetsäit www.kkn.lu fënnt ee vill Informatiounen, z.B. Trainingszäiten oder wéi ech mech kann aschreiwen. Fir weider Froen kann ee sech einfach per E-mail via info@kkn.lu mellen an da probéiere mir beschtméiglech weiderzehëllefen!

MOVIN'ANDETHANA_0
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Mir bidde folgend Coursen un: Nordic Walking, Zumba/Zumba Gold, Pilates, Tabata / Bodyfit, Back Gym, Yoga, Aerobic, Bodyshape. De Mindestalter fir bei eis ze trainéiere läit bei 13 Joer.

  •    Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Et brauch ee guer keng extra Viraussetzungen. Et soll een den Trainer just iwwer eventuell kierperlech Aschränkungen informéieren, fir dass de Cours kann ugepasst ginn.

  •    Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

Mir leeë besonnesche Wäert op Freed un der Beweegung a Spaass um Sport, ouni Leeschtungsdrock. Mir hu Course fir all Alter a fir all Fitnesslevel.

  •    Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Mir froen 200€ pro Saison (01.08.-31.07.) fir d’Fitnesscoursen an 120€ fir den Nordic Walking. Domadder kann ee jeeweils un all de Coursen deelhuelen.

  •    Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Weider Informatiounen op www.movinandethana.lu oder schreift eis eng E-mail via info@movinandethana.lu.

SC ANDETHANA
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Mir spillen Dëschtennis fir eise Spaass, keng Kompetitioun. De Mindestalter fir kënne matzespillen ass 16 Joer.

  •    Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

Mir hu keen Trainer an dofir ass d’Viraussetzung dass een déi elementar Reegelen a Geste vum Dëschtennis kennt.

  •    Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

Mir leeë Wäert op eng gutt a kollegial Athmosphär.

  •    Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Mir hiewe keng Kotisatioun op.

  •    Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Weider Informatiounen kritt dir beim Paul Krier (tel.: 340163, E-mail: kriersbg@pt.lu) oder Paul Wolff (tel.: 435657, E-Mail: polwolff@pt.lu).

SCHEISSCLUB BLOËBIERG_0
  • Wat bitt äre Veräin un? Ab wéi vill Joer kann ee bei iech trainéieren?

Schéissen mat Sportwaffen (op Zilscheiwen). Dobäi kann et sech esou wuel em Fräizäitschéissen wéi och offiziell Competitiounen handelen. Et kann ee bei eis schéisse kommen mat :

- 11 Joer (1) fir Loftwaffen,
- 16 Joer (1) fir Klengkaliberwaffen (nëmme Laangwaffen),
- 18 Joer (2) fir all Waffen déi iwwert d’Gesetz autoriséiert sinn.

(1) Wärend hirer Präsenz um Schéissstand, musse Mannerjäreger vun engem Elterendeel oder Tuteut begleet ginn, oder awer vun engem erfuerene Member vum Club.
(2) E Stage vun 12 Méint mat Klengkaliberwaffen ass awer obligatoresch ier e kann op gréisser Kaliberen iwwergoen.

  •    Wéi eng Virraussetzunge muss ee matbréngen, fir bei iech matmaachen ze kënnen?

De Respekt vun allen Sécherheetsregelen déi um Stand a Kraaft sinn, ass natierlech obligatoresch bei der Ausübung vum Sportschéissen. Zousätzlech gëtt e respektvoll a verantwortlech Verhalen vun all Member gefuerdert. Bei der Demande fir e Waffeschäin, gëtt e medezinesche Certificat vun der zoustänneger Verwaltung verlaangt.

  •    Wat zeechent äre Veräin aus, wou rop leet dir am meeschte Wäert?

D'Membere vun eisem Veräin kënnen vun modernen a gutt erhalenen Ariichtungen. profitéieren. De sozialen Volet gëtt och net vernoléissegt an e flotte Clubhouse erlaabt et ze treffen an Erfahrungen auszetauschen oder vum Rot vu méi erfuerene Tireuren ze profitéieren.
Besonnesch wichteg bleift awer ëmmer op de Respekt vun de Sécherheetsregelen, wat ëmmer eis éischt Prioritéit war a bleift.

  •    Wéi vill kascht eng Memberskaart an ärem Veräin?

Aktuell beleeft sech d‘Cotisatioun op 175.-€ am Joer (125.-€ fir Studenten mat engem Studien-Certificat) a bei der Éischtumeldung gëtt en "Droit d’Entrée" vun 300.-€ gefrot.

  •    Wou soll ee sech melle fir weider Informatiounen ze kréien?

Weider Infoen gëtt et op www.bloebierg.lu oder per E-Mail via info@bloebierg.lu.