E Bléck op déi ofgeschlosse Projeten an der Gemeng Nidderaanwen
De Verkéiersgaart ass den 13. Mee 2023 am Kader vun der Nuit du Sport ageweit ginn. E gëtt de Kanner d'Méiglechkeet op eng sécher a spilleresch Aart a Weis d'Notzung vum Vëlo am ëffentleche Stroosseraum léieren. De Verkéiersgaart ka vun der Schoul, der Maison Relais, mee awer och privat genotzt ginn.
De 27. Abrëll 2023 gouf d'Biomass-Cogeneratiounsanlag um Komplex ,,Am Sand'' ageweit. Duerch d'Ëmstellung vum Wärmenetz vun Erdgas op Holzpellets gëtt um Komplex ,,Am Sand'' den CO2-Ausstouss vun der Gemeng an Zukunft am Joer ëm 1.370 Tonne reduzéiert.
Am Mäerz 2023 gouf um Campus ,,Am Sand'' e Liewenstuerm ageweit, deen e Symbol fir den Erhalt vun der Aartevillfall soll sinn an an Zukunft e Liewensraum fir Insekten, Reptilien, Villercher a kleng Mamendéieren bidde soll. Sou sinn d'Etagë vum Tuerm mat verschiddene Materialie befëllt a ronderëm den Tuerm eng einheimesch Kraidermëschung geséit ginn. Zousätzlech si Beem a Straicher geplanzt ginn, déi duerch hir Bléie besonnesch bestäuberfrëndlech sinn. E flotte Projet vun eiser Ëmweltkommissioun an Zesummenaarbecht mam SIAS, dem Fierschter an eisem Gaardendéngscht.
No knapp 2 Méint Aarbechtszäit ass deen neien Tapiis vum syntheeteschen Terrain de 4. Juli 2022 offiziell vun der FLF ofgeholl ginn.
Déi nei Morgue vum Kierfecht zu Hueschtert ass fäerdeg. Knapp 2 Joer nom Start vun de Bauaarbechte gouf se offiziell ageweit. Niewent der Morgue goufen zousäzlech Toilettë fir de Public gebaut.
E klenge Bléck op déi nei Spillplaz zu Hueschtert.
An de leschte Jore sinn e Groussdeel vun de Foussgängeriwwergäng, zur Erhéijung vun der Sécherheet, mat neie Luuchten ausgerëscht ginn. Des Weidere si Busarrête fir Persoune mat ageschränkter Beweegung gerecht gemaach ginn.
Den ekologesche Parking zu Iernster ass de Beweis, dass Parkraumschaaffung an Ëmwelt net ëmmer contraire zuenee musse stoen.