Ruffbus Syrdall
ruffbus

Ruffbus Syrdall

Säit dem 1. Mäerz ass de Ruffbus vun der Gemeng Nidderaanwen, de Charly, mat dem Syri-Express vun der Gemeng Schëtter zum gemeinsame Ruffbus Syrdall fusionéiert. Dës Fusioun erméiglecht eng effizienter Notzung vun de béide Bussen, déi an hirem neien Design dat ganzt Gebitt vun den 2 Gemenge befuere wäert. Niewent den zwou Gemenge ginn och puer Statiounen an den Nopeschgemenge Betzder, Contern a Sandweiler ugefuer. De Ruffbus fiert méindes bis donneschtes vun 8:00 bis 22:00 Auer a freides a samschdes vun 8:00 bis 1:00 Auer.

Duerch déi effizient Notzung vun den zwee Busse kann de Ruffbus Syrdall och de Rehazenter an d’ Spidol Robert Schuman um Kierchbierg ufueren. Doduerch huet d’ Gemeng Nidderaanwen erëm eng direkt Busverbindung mat dem Spidol an dem Rehazenter, déi no der Upassung vum RGTR-Plang ewech gefale waren.

De Ruffbus Syrdall ass fir d’ Bierger vun der Gemeng Nidderaanwen a Schëtter gratis. Dir kënnt är Fuert fréistens 7 Deeg am Viraus a bis spéitstens 30 Minutte virum Depart reservéieren. Rufft einfach ënner dem Telefonsnummer 28 108-39 un.

Video