Jugendhaus Nidderaanwen
Foto-Jugendhaus-header

Jugendhaus Nidderaanwen

Thierry, Lynn & Danielle

Thierry, Lynn & Danielle

Du bass tëschent 11 an 26 Joer an hues Loscht, dech mat anere Jonken ze treffen an dengen Iddie fräie Laf ze loossen?

Da bass du am Jugendhaus genau richteg. Mir bidden dir eng Platz, wou s du mat eis zesumme kreativ kanns sinn, kachen, spillen, schwätzen a laache kanns. Sou kanns du deng Wënsch a Visioune bei eise Jugendversammlunge matdeelen a mat eis ausschaffen a realiséieren.

Och ob dengem schouleschen an ausserschoulesche Wee (Formatiounen fir Animateur oder Babysitter / Hëllef bei Hausaufgaben, ...), oder bei perséinleche Projeten ënnerstëtze mir dech gären. Zu verschiddensten Themen hu mir Infomaterial a ginn och gäre mat dir zesummen op d’Sich no den Äntwerten op deng Froen. Natierlech kanns du och laanschtkomme, fir dech zréckzezéien an ze chillen, oder mat eis eng Party Kicker, Billard oder Fifa ze spillen.

Loscht op Aktivitéiten ausserhalb vum Jugendhaus? Keen Problem, komm mat eis op Ausflich, Bowling spillen, Karting fueren, an de Kino, oder esou guer an d'Ausland, an eng vun eise Kolonien.

Bei eis bass du häerzlech wëllkomm - also komm laanscht a léier eis kennen.

Entdeck d'Projete vum Jugendhaus

Den 8. Juli 2023 ass d',,Free Art Wall'' vum Jugendhaus offiziell ageweit ginn. Dëst Konzept vun der Free Art Wall besteet doran, dass jiddereen dee wëll, legal op dëser Mauer spraye kann, amplaz op enger verbuedener Plaz ze sprayen. Wien eppes mam Team vum Jugendhaus starte wëll, ka si einfach dorop uschwätzen, mee och Kënschtlerinnen a Kënschtler vun ausserhalb kënnen hei sprayen.

D'Free Art Wall vum Jugendhaus ass och op www.legal-walls.net ze gesinn, engem Site op deem esou Maueren aus der ganzen Welt ze fanne sinn.

23.01.24_Jugendhaus-2

Eise Projet fir deng Matbestëmmung! Eemol de Mount, op engem Samschden hu mir eng Jugendversammlung mat engem leckere Brunch dobäi. Zesumme mat iech entscheede mir iwwert d'Aktivitéiten, Projeten a Kolonien oder iwwert d'Gestaltung vum Jugendhaus. Du hues eng Iddi? Da komm a looss eis se zesummen ëmsetzen!

Jugendhaus-Niederanven_Ech-A-Main-Jugendhaus

Du hues eng Fro? Mir kucken déi beäntwert ze kréien. Ob mat Experten, a Form vun Themenowenter, Interviews oder Aktivitéite gi mir ärer Fro op de Grond. Du hues also en Thema dat dech interesséiert oder kenns eng Persoun, mat där s du onbedéngt wëlls an d'Gespréich kommen? Dann deel eis dat mat! Aktuell sinn d'Themen ewéi gesond Ernärung, Sport, Energydrinks, d'Police an d'Selbstbewosstsi gefrot. Hal d'Aen op, wa mir eppes zu deem Thema ubidden. Esou maache mir deemnächst selwer verschidde Variante vun Energydrinks.

Jugendhaus-Niederanven_Eng-Fro-Eng-Antwert

Eisen eigentleche Projet Jugendhaus goes green ass dëst Joer eng Nummer méi grouss! Mir këmmeren eis a verschiddene Beräicher ëm d'Ëmwelt. Méi kleng Aktivitéite wéi Quizzer oder Challengen a Gesellschaftsspiller iwwert d'Thema Ëmwelt fannen am Jugendhaus statt. Dës Weidere maache mir dëst Joer selwer Kosmetik. Komm och gäre mat eis op Clean Up Aktiounen, wou mir d'Natur propper halen. Wann s du gäre Fotoen iwwert d'Thema Natur mëss, maach bei eiser Fotoausstellung mat. Du bass éischter sportlech ënnerwee? Da lued dir d'App Active Giving erof a maach bei eisem nächste Projet mat, wou s du mat Sport kanns Beem planze loossen.

Jugendhaus-Niederanven_Generatioun-Planeit-A

An eisem Sportsprojet geet et drëm, dass mir zesummen nei Sportarten ausprobéieren a Sport maachen, ouni dass den Drock do ass ëmmer mussen dobäi ze sinn. Mir probéieren d'Deeg an d'Zäiten esou ze fannen, dass jiddereen, deen interesséiert ass, kann deelhuelen. D'läscht Joer hu mir eis u Bodyweight, Boxen, Tauchen, Teqball a Parcour getraut, dëst Joer ass niewent eisem Tauchschäin bis elo Thai Boxen a Bouschéisse geplangt. Och spontan maache mir gären Aktivitéite wéi Fussball, Basket oder Ping Pong. Mir maachen och gäre bei Fussballturnéiere mat. Deng Wënsch an Iddie sinn awer och gäre gesinn!

Jugendhaus-Niederanven_Sport-ouni-Drock

D'Jugendhaus gëtt mobil! Dat bedeit, dass mir eis Aktivitéiten och no baussen transportéieren an net just am Jugendhaus stattfannen. Op verschiddene Plazen an der Gemeng si mir ënnerwee a bidde sportlech, kreativ oder ganz aner Aktivitéiten un a sinn Uspriechpartner, wann dir ee braucht. Schwätz eis gären un, wann s du eis gesäis!

Jugendhaus-Niederanven_On-Tour