Klima- an Naturpartner

Haut zou

foto-partenairesclimat-header

D’ Natur läit der Gemeng Nidderaanwen säit jeehier um Häerz. E Groussdeel vum Gréngewald, deem gréissten zesummenhängende Bësch vu Lëtzebuerg läit um Territoire vun eiser Gemeng. Eng ganz Rei Natura-2000-Schutzzonen a virun allem och d’Naturschutzgebidd op der Aarnescht gehéieren zu eisem Patrimoine, deen et als Gemeng onbedéngt, am Interessi vun all de Bierger, ze erhale gëllt.

Säit 1974 engagéiert sech d'Gemeng Nidderaanwen am Gemengesyndikat SIAS fir aktiven Ëmwelt- an Naturschutz.

Am Joer 2006 ass d'Gemeng Nidderaanwen och dem Klimabündnis Lëtzebuerg bäigetrueden. Als Klimabündnis-Gemeng setzt Nidderaanwen sech och dofir an, der Klimaerwiermung op lokalem Plang entgéintzewierken, dëst virun allem als Verflichtung vis-à-vis vun den zukünftege Generatiounen.  

Nidderaanwen ass och eng Fairtrade-Gemeng an iwwerhëlt domat och Verantwortung fir de Produzenten an der Drëtter Welt e méi en héicht Akommes, an domat e bessert Liewen, ze erméiglechen.

Mir schaffen an deem Beräich mat enger Rei vu kompetente Partner zesummen, déi eis mat hirem Fachwëssen aktiv ënnerstëtzen:

  • Klima-Agence: ënnerstëtzt d’Gemenge beim Erreeche vun den nationalen Ëmweltschutzziler. Dëst ënner anerem duerch hir Berodung vun de Bierger bei der energeetescher Transitioun.
  • KlimaPakt: bitt deene Gemengen, déi sech aktiv fir eng klimaschounend Energietransitioun engagéieren, d’Méiglechkeet eng staatlech Ënnerstëtzung ze kréien.
  • NaturPakt: bitt deene Gemengen, déi sech aktiv géint de Biodiversitéitsverloscht engagéieren, d’Méiglechkeet eng staatlech Ënnerstëtzung ze kréien.
  • Klima-Bündnis Lëtzebuerg: besteet aus mëttlerweil 40 Gemengen, déi sech fir d’Erreeche vun de gesetzten Ziler asetzen. D'Klima-Bündnis gëllt als Sproochrouer fir d’Gemengen a Saache Klima-, Entwécklungs- an Energiepolitik.
  • Visit Guttland: den Office regionale du tourisme ,,Visit Guttland” këmmert sech ëm d’Promouvéiere vun de Wanderweeër an der Regioun Guttland.
  • Fairtrade Lëtzebuerg: engagéiert sech fir d’Entwécklung vun engem méi fairen an nohaltege Commerce mat Produzenten aus Afrika, Asien, Latäinamerika an de Consommateuren aus Lëtzebuerg an.
  • Ëmweltberodung Lëtzebuerg: eng onofhängeg an neutral Ëmweltberodungsorganisatioun fir Gemengen, Associatiounen, ëffentlech a privat Institutiounen an Entreprisen, Ëmweltberoder an -intresséierter an zielt momentan 86 Abonnente-Gemengen, an deenen zesummen ca. 95% vun der Landespopulatioun liewen.
  • SuperDrecksKëscht: eng Mark, déi am Kader vun der lëtzebuerger Kreeslafwirtschaftstrategie entwéckelt ginn ass. Hir Aufgab ass et, den neiste Stand vun Informatiounen ze notzen an d'Ëmsetzung vun enger nohalteger Materialwirtschaft am ekologeschen an ekonomesche Sënn mat héichwäerteger Qualitéit ze realiséieren.
  • Antigaspi: eng Aktioun vum Landwirtschaftsministère fir d’Verbëtze vu Liewensmëttel ze vermeiden.