Fairtrade

Haut zou

foto-fairtrade-header

Fairtrade

Als Fairtrade-Gemeng hunn mir am Kader vun der Fairtrade-Woch, vum 2.5-13.5 Fairtrade-Artikelen, wéi Gezei an Iesswueren an der Märei fir d’ Bierger ausgestallt. All Bierger konnt an deem Kader ee Stéck faire Schockela an ee Glas fairen Orangëjus genéisse bzw. eng fair Rous mat huelen. Niewent dëser Aktioun hunn de Schäfferot a Membere vun der Ëmweltkommissioun moies den 11.5 fair Banannen un d ‘Schoulkanner verdeelt. Als Ofschloss vun dëser Aktioun huet de Gemengerot an hirer Sitzung den 20.5 fair Mëtschen a faire Kaffi zerwéiert kritt.

Zousätzlech zu deenen zäitlech begrenzten Aktiounen, gëtt iwwer dat ganzt Joer vill Fairtrade an der Gemeng kaf. Zum Beispill ass de Kaffi an den Orangëjus an der Märei aus fairem Handel. Zousätzlech dozou gëtt gekuckt fir bei grousse Commandë Mëtschen a Blummen net nëmme regional, mee och fair anzekafen.