Ëmwelt

D'Waasserspender sinn nees op

Publié le 08 May 2024
29.09.23_Drénkwaasserspender-09

Gutt Noriichten! Eis Drénkwaasserspender sinn nees op. Op dräi verschidde Plazen an eiser Gemeng kënnt Dir hei frëscht Waasser direkt vum Krunn drénken oder fir an Äre Bidon zapen. Der Ëmwelt zu Léift, biede mir Iech net verschwenderesch mat dëser wäertvoller Ressource ëmzegoen.

  • Scout's Home um Sennengerbierg
  • Jugendhaus zu Senneng
  • Parc de l'Europe zu Ueweraanwen