Gemengeliewen

Neien Internetsite fir d'Gemeng Nidderaanwen

Publié le 15 April 2024
05.04.24_Neien-Internetsite-1

Genee ee Joer huet de Projet gedauert an haut, de 15. Abrëll 2024, hunn de Schäffen-, de Gemengerot an d’Personal vun der Gemeng Nidderaanwen déi grouss Freed, Iech den neien Internetsite www.niederanven.lu virzestellen.

D’Realisatioun vum neien Internetsite war eng Teamaarbecht. Intern zoustänneg fir d’Koordinatioun vum Projet war d’Ekipp vum Personalbüro & Kommunikatioun. Ma d’Haaptuleies vun der Ekipp a vum Schäfferot war et awer, vun Ufank un all d’Gemengeservicer an eis extern Partner, wéi beispillsweis d’Jugendhaus Nidderaanwen, d’Maison Relais oder d’Kulturhaus Nidderaanwen, mat an de Prozess anzebannen. Sou gouf sech ausgetosch fir d’Navigatioun um Site esou wuel fir d’Personal, dat all Dag mam Site schafft, ewéi och fir d’Leit déi um Territoire vun der Gemeng wunnen an/oder schaffen, ze vereinfachen an Iddie gesammelt, fir de Contenu um Site ze komplettéieren.

Ugehaucht un déi aktuell Charte graphique vun der Gemeng, presentéiert sech den neie Site an engem frëschen a modernen Design. Wa virun allem d’Faarwe Wäiss, Petrolsblo an Turquoise dominéieren, sou trëfft een um Site awer och op déi aner Faarwen, déi am Gemengelogo rëmzefanne sinn. Den Design vum Site gëtt mat ville verschiddene Fotoen, déi d’Gemengeliewe rëmspigele sollen, komplettéiert.

Den neien Internetsite ass wéi gewinnt an deene véier Sproochen, Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch, zougänglech. D’Haaptnavigatioun vum Site ass a 6 grouss Kategorien agedeelt a soll, mat enger deels neier Andeelung, dem Visiteur d’Recherche vereinfachen. D’Integratioun vu sougenannte Quick Links am éischten Deel vun der Homepage, erméiglecht et dem Visiteur déi meescht gesichte Sujete schnell an einfach ze fannen an op déi entspriechend Säit um Site ze kommen. Neiegkeeten, nächst Eventer, sou wéi eng Erënnerung, wéini déi nächst Poubelle rausgestallt soll ginn, bilden déi zentral Partie vun der Homepage.

Ma de Site ass net nëmme méi intuitiv um Niveau vun der Navigatioun ginn, et sinn och vill nei Elementer bäikomm, déi d’Internetsäit an Zukunft e gutt Stéck méi komplett maachen an dozou bäidroe sollen, dass de Gemengesite d’Haaptulafstell fir d’Awunner an d’Visiteure vun der Gemeng bleift, wann et drëms geet fir Informatiounen ze sichen an administrativ Demarchen ze maachen.

Nei Säite si bäikomm a scho bestoend Säite goufe mat Informatioune komplettéiert. Ganz nei um Site ass de Volet vun der Mediathéik. Hei kënne sou wuel Reglementer, Broschüren, Pressecommuniquéen an den E-Raider, wéi och Fotoe vun deene leschte Manifestatioune rëmfonnt ginn. Unhand vun der neier Sichfunktioun, kënnen iwwert d’Kategorien, déi scho virgi sinn, wéi och iwwer eege Stéchwierder, Medie gesicht ginn. Nei opgebaut ass och de Volet vun de Formulairen. E gudden Deel heivunner kann online ausgefëllt an ofgeschéckt ginn, dëst unhand vun engem Tool, dee seng Serveren an der Belsch huet an d’RGPD-Richtlinne vollstänneg erfëllt. E weideren Highlight vum neien Internetsite ass déi interaktiv Kaart, déi an engem ganz neien Design déi wichteg Plazen an der Gemeng, agedeelt a verschidde Kategorien a Faarwen, mat senge wichtegsten Informatiounen visuell duerstellt.

Vill Aarbecht läit also hannert eis, mee de Site ass net fäerdeg. Beim Choix vun der Agence, déi eis bei der Realiséierung vun eise Wënsch fir den neien Internetsite zur Säit stoung, war et eis immens wichteg, dass de Site lieft a säi Contenu, säin Design a seng Funktionalitéiten allzäit verännert an optimiséiert kënne ginn. Sou sinn nach fir dëst Joer esou munch Features geplangt, ëmmer an der Optik, fir dem Visiteur d’Liewen oder Schaffen an der Gemeng, respektiv d’Entdecke vun der Gemeng, ze vereinfachen. E wichtege Punkt ass hei d’Accessibilitéit vum Site. Wann duerch den neien Design an déi optimiséiert Struktur vun der neier Internetsäit schonns vill Fortschrëtter gemaach goufen, sou wäerten mir verstäerkt doru schaffen, fir dës fir Persoune mat enger Beanträchtegung an/oder déi eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material benotzen, méi accessibel ze maachen.

Dës Weidere gëtt deemnächst um Ausbau vun der Sallreservéierung fir Associatiounen a Privatleit geschafft, sou dass et an Zukunft méiglech ass, méi einfach an iwwersiichtlech seng Demandë fir d’Loune vu Gemengesäll ze maachen. An dësem Kontext soll och d’Kommunikatioun vun den Associatiounen a Sportsclibb mat der Gemeng vereinfacht ginn, dës beispillsweis duerch d’Optimiséierung vum Gemengenindex mat der Méiglechkeet fir d’Veräiner a Sportsclibb, sech selwer anzeloggen an hir Donnéeën no Besoin aktualiséieren ze kënnen.

Ganz am Sënn vun eiser Digitaliséierungsstrategie, wäert an Zukunft och weiderhi verstäerkt dru geschafft ginn, fir esou vill ewéi méiglech paperless ze schaffen. Sou sollen an deenen nächste Jore Pabeierformulairen op e Minimum reduzéiert an déi meescht administrativ Demarchë fir d’Awunner aus der Gemeng vun doheem aus gemaach kënne ginn. Fir de Moment bleiwen awer d’Prozeduren nach all an net digitaler Form méiglech.

Wéi schonns erkläert ass den neien Internetsite vun der Gemeng Nidderaanwen e Projet, deen net ofgeschloss ass, mee mat all neiem Dag, komplettéiert, verbessert an optimiséiert gëtt. Dofir ass eis d’Meenung an den Input vun de Leit, déi de Site besichen, immens wichteg a mir invitéiere si, eis hire Feedback per E-mail via communication@niederanven.lu eranzeschécken.

E grousse Merci fir d’Elaboratioun vum Projet vum neien Internetsite geet un d’Servicer an d’Mataarbechter vun der Gemeng Nidderaanwen, eis Partner aus der Gemeng an doriwwer eraus, sou wéi un d’Agence e-connect fir déi gutt Zesummenaarbecht iwwert déi lescht Méint.