Offere fir Senioren
Foto-seniors-header

Iessen op Rieder

Foto-SERVIOR_RSR_voiture

Dir hutt gären ofwiesslungsräich, frësch preparéiert an equilibréiert Menuen, ouni selwer ze kachen? All Persoun iwwer 65 Joer, respektiv eeler oder krank Persounen, déi hir Moolzecht net selwer kënnen zoubereeden, kënne vum Service ,,Iessen op Rieder'' profitéieren.

Fir weider Informatiounen, besicht eis Säit iwwert de Service Iessen op Rieder

Seniorenturnen

Foto-CoursGym-1

D'Gemeng Nidderaanwen bitt Turnstonne fir Leit iwwer 65 am Sportkomplex "Am Sand" zu Nidderaanwen un an dat Dënschdes vun 10:15 bis 11:15 Auer.

Den 1. Cours 2023/2024 fänkt en Dënschdeg, den 19. September 2023 un.

Wann Dir interesséiert sidd, da mellt Iech w.e.g. beim Gemengesekretariat un bis den
8. September 2023.

Fir weider Informatioune kontaktéiert wgl. den Herr Christophe Junker per Telefon um 34 11 34-48 oder per E-mail via christophe.junker@niederanven.lu.

CIPA Gréngewald

Foto-CIPA-Gréngewald

Net wäit vum Naturschutzgebitt ,,Aarnescht'' a sengem protegéiertem Orchideeëgebitt befënnt sech den CIPA Gréngewald zu Nidderaanwen, dat fir Mënschen iwwer 65 Joer oppen ass. Dat interdisziplinäärt Fleegekonzept baséiert op enger globaler Betreiung a Fleeg vun eelere Mënschen: onofhängeg dovun, ob d'Seniore ganz onofhängeg oder dependant sinn, begréisst den CIPA Gréngewald se an engem agreabelen a conviviale Kader.

 

 

Kontakt:
8, rue Routscheed
L-6939 Niederanven
T.: 34 72 70-1
E.: info.grengewald.lu@sodexo.com

Fir weider Informatiounen, besicht d'Internetsäit vum CIPA Gréngewald: www.grengewald.sodexoseniors.lu.

Syrdall Heem

Haut ziele ronn 70 Mataarbechterinnen a Mataarbechter zum Team vun de Fleeger, déi sech ëm d'Leit bekëmmeren, déi duerch hire Gesondheetszoustand schwaach sinn an doheem Hëllef brauchen, oder an de Centres de jour zu Nidderaanwen oder Sandweiler wunnen.

Prestatioune vum Syrdall Heem:

  • Hëllef a Fleeg doheem
  • Krankefleeg fir all Generatiounen Doheem, 7/7
  • gratis Berodung an Informatiounen
  • Centres de jour fir Senioren zu Sandweiler an Nidderaanwen
  • Club Senior Syrdall
  • Help 24, Noutruffsystem via Téléalarm
  • Bluttanalys Doheem mat ,,Picken Doheem''
  • Noutfall- an Erhuelungsbetter
  • betreit Fräizäit- a Vakanzenaktivitéite mat qualifizéiertem Fleegepersonal
  • Akeef an Hëllef am Haushalt
  • jee no Urgence, 24h/24 Betreiung

Kontakt:
6, Routscheed
L-6939 Niederanven
T.: 34 86 72
E.: info@syrdallheem.lu

Fir weider Informatiounen, besicht d'Internetsäit vum Syrdall Heem: www.syrdallheem.lu.

Club Syrdall Aktiv+

De Seniorenclub Syrdall, och nach ,,Club Syrdall Aktiv+“ genannt, gehéiert zur Syrdall Heem ASBL. Säit 2005 mécht sech d'Team vum Club Syrdall zur Haaptaufgab, véiermol am Joer eng Fräizäitoffer fir d'Generatioun 60+ auszeschaffen: Kultur, Sport, Informatioun, Life-Long Learning, Zesummesinn, Besichtegungen a villes méi.

Jiddereen, deen Interessi huet, ass wëllkomm. Eng Memberskaart ass net néideg! 

Kontakt: 
1, Square Peter Dussmann
L-5324 Contern
(Chaux de Contern)
T.: 26 35 25 45
E.: syrdall@clubsyrdall.lu

Fir weider Informatiounen, besicht op der Internetsäit vum Syrdall Heem d'Rubrik iwwert de Club Syrdall: www.syrdallheem.lu.

Wunn- a Fleegeheem ,,Beim Goldknapp'' zu Ierpeldeng un der Sauer (ALA)

D’Gemeng Nidderaanwen verfüügt iwwert een Prioritéitsrecht am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldéng un der Sauer, dee spezialiséiert ass op d’Fleeg an d’Betreiung vu Mënsche mat Demenz.

D’Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“, dat vun der Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer (ALA) geréiert gëtt, bitt eng Infrastruktur a Fleegedéngschter un, déi speziell un d’Demenzsymptomatik vun de Bewunner ugepasst sinn.

Zum Beispill:

  • e komplett barrièrefräit an orientéierungsfërderend Ëmfeld
  • eng ganzheetlech, flexibel Fleeg a Betreiung baséiert op bewäerte Konzepter vun der Demenztherapie
  • individuell ugepasste Fleegekonzepter fir all eenzelne Bewunner
  • geziilt individuell Eenzelfërderung an Therapie ënnert der Leedung vun eise jeeweilege Spezialisten (Ergotherapeuten, Educateuren, Psychologen an Physiotherapeuten)
  • therapeutesch Gruppen a spezifesch Gruppenaktivitéiten
  • eng Participatioun um Liewe vun der Gemeng a Regioun
  • eng enk Zesummenaarbecht mat de Familljenmemberen
  • eng gemeinsam Gestaltung vun engem aktiven Alldag an den eenzelne Wunnunitéiten
  • 13 Wunnunitéiten, déi all aus engem Wunnberäich besti mat Living, Kichen, Iessraum, Terrass an Eenzelzëmmeren (mat engem Buedzëmmer gëeegent fir behënnert Leit) als méi perséinleche Réckzuchsraum fir d’Bewunner
  • eng Fleegeoas fir 9 Persounen

Wéi kënnt Dir Iech umellen?
Wann Dir vum Prioritéitsrecht vun eiser Gemeng wëllt Gebrauch maachen, kënnt Dir Iech un de Sozial- a Koordinatiounsdéngscht vum Wunn- a Fleegeheem, deen Iech dann en Umeldungsformular zoukomme léisst. Mat dësem Formulaire kënnt Dir dann op d’Gemeng kommen an Dir loosst e vum zoustännege Service stempelen an ënnerschreiwen. Vergiesst nët och e Certificat de résidence op der Gemeng unzefroen, dee bestätegt, dass Dir oder déi betraffe Persoun an der Gemeng wunnt.

Ausserdem ass och e kierzlech ausgestallte medizinesche Certificat un de Sozial- a Koordinatiounsdéngscht ze schécken.

Fir méi Informatiounen oder spezifesch Froen zur Umeldung kënnt Dir de Sozial- a Koordinatiounsdéngscht vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ ënnert der Telefonsnummer: 26 007 – 1 kontaktéieren. Zousätzlech Informatiounen an eng virtuell Visite fannt Dir um Site vun der ALA.

Kontakt:
Maison de Séjour et de Soins « Beim Goldknapp »
8, Gruefwee
L-9147 Erpeldange-sur-Sûre
T. : 26 007 – 1
E. : info@alzheimer.lu