Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
05.05.24_Aweiung-Kannerwee-07
Ëmwelt

Aweiung vum Kannerwee Groussebësch

De Sonnden, 5. Mee, si mir op d'Spuere vum Maarkollef sengem Räich gaangen! Den éischte Kannerwee an der Gemeng, bei deem d'Kanner de Bësch spilleresch kenneléiere sollen, gouf nämlech ageweit a vill Awunner.Innen hunn de Wee mat hire Kanner an de Groussebësch fonnt, fir bei dësem schéine Rendez-vous an der Natur mat dobäi ze sinn. Méi Informatiounen iwwert de Kannerwee Groussebësch fannt Dir op eiser Säit iwwert d'Wanderweeër! Verëffentlecht den 2024-05-07
19.04.24_Kollektivvertrag
Gemengeliewen

Neie Kollektivvertrag

Zesumme mam LCGB gouf den neie Kollektivvertrag fir eis ronn 50 Aarbechter.Innen op der Gemeng ënnerschriwwen, dee säit dem 1. Mee fir 3 Joer en Vigueur ass. Verëffentlecht den 2024-05-02