Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
Agenda-Kiermes2024
Konscht & Kultur

Hueschterter Kiermes

Vum 9. bis 12. Mee fënnt nees eis Hueschterter Kiermes zu Ueweraanwen niewent dem Gemengenhaus statt. Kräizt Iech den Datum grouss am Kalenner un an huelt mat Ärer Famill a Frënn un dësem flotte Weekend an der Gemeng deel! Programm: Donneschden, den 9. Mee 2024 (12h00 - 22h00):  17h00: offiziell Ouverture17h30: Concert vun der Fanfare la Réunion Hueschtert19h00: Concert vun der Fun Brass Dixie Band Freiden, den 10. Mee 2024 (17h00 - 22h00):  18h00: Afterwork mam MDoubleU Samschden, den 11. Mee 2024 (12h00 - 22h00):  Familljendag mat reduzéierte Präisser op d'Spiller15h00: Kinonomëtteg ,,A Schommesch'' organiséiert vun Niedz4Kidz (6-8 Joer)17h00: Kinonomëtteg ,,A Schommesch'' organiséiert vun Niedz4Kidz (9-12 Joer)17h00: Concert vu MayB221h00: Public viewing vum Eurovision Song Contest Sonnden, den 12. Mee 2024 (12h00 - 22h00): 17h00: Concert vun De Spillmann Verëffentlecht den 2024-04-16
foto-studentenjobs (1)
Jugend

Jobs fir Schüler a Studenten

SchülerInnen a StudentInnen opgepasst! Vun elo u kënnt dir är Demande fir e Vakanzenjob op der Gemeng maachen. De Formulaire kënnt dir bis spéitsdens de Freiden, 26. Abrëll 2024 ausfëllen. Klickt hei fir bei d'Formulairen ze kommen! Verëffentlecht den 2024-04-15