Syrdaller Magazin 02

01.06.2021

Zesummen ennerwee

Dir hutt Loscht ee flotte Film an de Kino kucken ze goen? An de Restaurant ze goen? Hutt Loscht ob eng Visite am Musée, ee Concert oder einfach nëmme gemittlech ee Patt huelen ze goen? Ee flotte Spadséiergang ze ënnerhuelen? Mee… Dir wëllt net eleng goen? Dann ass dës Iddi villäicht eppes fir Iech. Mir setzen Iech, mat Ärem Averständnis, an eng Grupp, déi iwwer een E-mailverdeeler leeft. Hei schreift jiddereen seng Iddien dran, an op deem Wee fënnt sech villäicht eng oder méi Persounen, fir gemittlech a flott Stonnen mateneen ze verbréngen. Spontan oder am Viraus geplangt. Kee brauch méi eleng ënnerwee ze sinn! Well Dir iech ënnereneen organiséiert, ass bei Ären Treffen kee vum Club mat dobäi.

Selbstverständlech gëllen och hei déi aktuell Hygiènesmesuren vun der Regierung.

Si Dir interesséiert? Dann mellt Iech am Club Syrdall.

Syrdaller Magazin Summer 2021

Och Folgendes liesen