Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
FB Cover Save the date
Sport

Nuit du Sport 2024

Déi 15. Editioun vun der Nuit du Sport steet virun der Dier an och mir sinn als Gemeng mat um Start!! De Samschden, 8. Juni, invitéiere mir Iech op e flotten Dag, gefëllt mat Sport a Spaass! Zesumme mat de Clibb an Associatiounen aus eiser Gemeng proposéiere mir Iech e flotte Programm mat ville Sportarten, déi dir schonn ëmmer ausprobéiere wollt. Markéiert Iech d’Nuit du Sport 2024 elo grouss am Kalenner an huelt deel un eisem flotte Programm fir Grouss a Kleng. Verëffentlecht den 2024-04-19
Douzelage 2024 - Z24_4615 - by Uli Fielitz
Konscht & Kultur

General Meeting zu Sherborne

Siwe Representante vun der Gemeng Nidderaanwen ware lescht Woch am Kader vum Douzelage um General Meeting zu Sherborne. Ënnert dem Thema ,,Wuelbefannen duerch Musek an Natur'' goufe Konferenzen, Workshops a Konzerten organiséiert an eis Ekipp ass mat villen neien Iddie fir eis Gemeng zréckkomm. Wärend der Generalversammlung mat den Delegéierte vun all de Partnerstied gouf dëst Joer dann och en neie Conseil d'administration gestëmmt. Merci un d'Annigje Kruytbosch, den Tibi Rotaru, d'Mette Sørensen an dem Miha Ješe fir déi wonnerbar Aarbecht déi lescht Joer. Dem neie Conseil mam Shane Smyth, dem Thorsten Wohleser, dem Maria Črnac Rocco an dem Evelin Koev wënsche mir eng glécklech Hand an hirer neier Fonktioun. Dem Team vu Sherborne soe mir e grousse Merci fir hir häerzlech Begréissung an déi exzellent Organisatioun! © Fotoen: Gemeng Nidderaanwen & Uli Fielitz Photography Verëffentlecht den 2024-04-18