Rénovation "rue Routscheed"

15.06.2021

An der Gemengerotssitzung vum 21.5.2021 gouf de Projet iwwer d’Renovatioun vun der “rue Routscheed” genehmegt. An dësem Projet gëtt een Trottoir tëschent dem Verbindungswee zur “rue Laach” an der Schoul aménagéiert. Den Trottoir féiert als Trottoir traversant iwwer d’Zoufahrten vum Parking beim CIPA. Dat ass eng Moossnam fir d’Automobilisten drop opmierksam ze maachen, dass si an dëser Zone oppassen a lues fuere mussen. Soumat kann e séchere Schoulwee op dëser Deelstéck garantéiert ginn. Des Weideren gëtt de Busarrêt virun der Schoul sou ugepasst, dass d’ Schoulkanner ideal op de Bus goen kënnen.

Och Folgendes liesen