EUROPÄESCH MOBILITÉITSWOCH NIDDERAANWEN 16.9.2021 - 22.9.2021

• Konferenz vum Dr. Georg Wendt, Torax-, Häerz-a Gefäeßchirurg e.r. zum Thema „Beweeg dech, a bleif gesond“ den 16.9.2021 um 19:30 „A Schommesch“ (Kinossall). D’Konferenz leeft ënnert dem Regime COVID-Check.
• 17.9.2021: Nei Horaire vum Nightlifebus trieden a kraaft. Méi informatiounen op eisem Site ënnert "Liewen an der Gemeng/Mobilitéit".
• 19.9.2021: 7 verschidde Parcoursen duerch d’Gemeng si fir Foussgänger, Rollstullfuerer/Rollator a Vëlosfuerer (MTB & Coursevëlo) vun all Alter geplangt. De Vëlostour fir d’Kanner gëtt vum Kim Kirchen begleet. Kleng Kanner, déi net gewinnt sinn eleng ze fueren, solle vun engem Erwuessene begleet ginn! Den Trëppeltour gëtt zesumme mat enger Botzaktioun kombinéiert. De Start vun de verschiddenen Tier ass um 10:00 virun der neier Sportshal. Virum Start kritt Dir d’Méiglechkeet äre Vëlo vun engem Fachmann vum Trisport richteg ajustéieren ze loossen. No der Arrivée gëtt jiddwer Participant eng Geméiszopp aus net verkafbare Liewensmëttelen offréiert. All Participant an Net-Participant kann den 19.9.2021 vun 10:00 bis 12:00 säin aus der Natur gesammelten Dreck matbréngen an ënnert der neier Sportshal an den Tri ginn.
• Vum 20.9.2021 bis den 24.9.2021 gëtt eng nei Pedibus-Linn aus dem Quartier „Mielstrachen“ getest.
20.9.2021: Aweiung vun der éischter Vél’OH! Statioun an der Gemeng Nidderaanwen um 19:00 bei der Sportshal “Am Sand”
• Vum 16.9.2021 bis den 22.9.2021 gëtt een Online Froekatalog publizéiert, an deem d’Bierger fir Suggestiounen a Kriticke bezüglech der mobilité douce ugereegt ginn.

Mobiliteitswoch

Flyer Mobilitéitswoch Schëtter

Questionnaire Mobilitéitswoch