Nopeschfest

Concours!
D’Integratiounskommissioun lancéiert am Kader vum Europäeschen Nopeschfest e Concours, dee vum 26. Mee bis den 31. August 2023 stattfënnt. Deelhuele kënnen d’Awunner vun der Gemeng duerch eng Aktioun, déi d’Solidaritéit an den Zesummenhalt an der Noperschaft stäerkt. Ob Dir Är Noperen op en Iessen, e Patt oder eng aner Aktivitéit invitéiert - Ärer Kreativitéit si keng Grenze gesat!

Schéckt eis eng Foto mat enger Beschreiwung vun Ärer Aktivitéit (eng Säit) virum 15. September 2023 un integration@niederanven.lu

Flyeren, Plakater a Stickere vum Nopeschfest kënnt Dir vun elo u schonns op d'Gemeng sichekommen.

D'Gemeng ka kee Material zur Verfügung stellen, ëffentlech Plaze kënnen awer no offizieller Ufro beim Schäfferot genotzt ginn.