Charly & Rufbus

Charly

De personaliséierte Ruff Bus « Charly » steet allen Awunner vu Nidderaanwen vun der Gemeng zur Verfügung. Domat kënnt Dir är Akeef an der Gemeng maachen, bei den Dokter, bei de Coiffeur goen oder eben op eng aner Bus Korrespondenz bruecht ginn.

Flyer Charly

Call a Bus (fréiere Rollibus) Ruff Bus fir Leit am Rollstull

An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg offréiert d’Gemeng Nidderaanwen de « Call a bus » Service fir all Leit déi am Rollstull sëtzen. E Begleeder kann och dobäi sinn.

Dëse Bus circuléiert nëmmen um Territoire vun der Gemeng Nidderaanwen an der Stad Lëtzebuerg. Ënner verschidde Konditiounen kënnen och Destinatiounen ausserhalb vun dem Gebitt ugefuer ginn. Dir kënnt iech um 4796-4797 renseignéieren.

Den Tarif ass 2.-€ pro Persoun a pro Fahrt an de Service funktionéiert vu Méindes bis Sonndes tëscht 7 Auer Moies a Mëtternuecht.

Dëse Service geet vun virun der Dir vun der Ofhuel Plaz bis bei d’Dir vun der Destinatioun. De Chauffer hëlleft dem Client beim Eran- an Erausklammen a fixéiert och de Rollstull mat Gurten.

Fir de Bus ze ruffen, musst Dir wéinstens 45 min virum Start um 4796-4797 uruffen, an déi genau gewënschten Ofhuelzäit esou ewéi d’Destinatioun matdeelen. Dir kënnt fréistens 3 Wochen an Viraus reservéieren.