Jugendhaus Nidderaanwen

Du bass tëschent 11 an 26 Joer  an hues Loscht, dech mat anere Jonken ze treffen an dengen Iddien fräien Laf ze loossen?

Da bass du bei eis genau richteg. Mir bidden dir eng Platz, wou's du mat eis zesummen kreativ kanns sinn, kachen, spillen, schwätzen a laache kanns. Sou kanns du deng Wënsch an Visiounen bei eisen Jugendversammlungen matdeelen an mat eis ausschaffen an realiséieren.

Och ob dengem schouleschen an ausserschouleschen Wee, (Formatiounen vir Animateur oder Babysitter / Hëllef bei Hausaufgaben, ...), oder bei perséinlechen Projet'en ënnerstëtzen mir dech gären. Zu verschiddensten Themen hu mir Infomaterial an ginn och gären  mat dir zesummen op d’Sich no den Äntwerten op deng Froen. Natierlech kanns du och laanscht komme, vir dech zeréck ze zéien an ze chillen, oder mat eis eng Party Kicker, Billard oder Fifa ze spillen.

Loscht ob Aktivitéiten ausserhalb vum Jugendhaus? Keen Problem, komm mat eis op Ausflich, Bowling spillen, Karting fueren, an de Kino, oder souguer an d'Ausland, an eng vun eise Kolonien.

Bei eis bass du häerzlech wëllkomm, also komm laanscht a léier eis kennen.

Lola, Danielle an Thierry

 

 

SKATE BMX SCOOT & ROLLER JAM