L'école fondamentale "Am Sand"

E flotte klenge Reportage vum radio 100,7 iwwert d'Flüchtlingskanner, déi mir an eiser Gemeng opgeholl hunn.

Schoulbuet 2021-2022

Enseignement - Schoul Pflicht

Précoce

Eng Umeldung fir de Cycle 1 - précoce ass fakultativ. D'Elteren oder Erzéiungsberechtegten vun engem Kand wat virum 1. September vum aktuelle Joer 3 Joer huet (1. Entrée) oder vun engem Kand dat tëscht dem 1. September an den 31. Dezember dräi Joer kritt (2. Entrée) kréien en Informatiouns- an Umeldungsbréif fir dat kommend Schoul Joer vum Service de l’Enseignement am Februar.

D'Kanner vun der 2. Entrée hunn nach net d'Recht fir am September d'nächst Joer den Cycle 1.1 (Spillschoul) ze goen.

Elteren oder Erzéiungsberechtegten, déi d'Invitatioun net kritt hunn, ginn opgefuerdert de Service Enseignement ze kontaktéieren.

Aschreiwung an de Cycle 1.1 (Précoce) - Ufank vun der Pflicht

D’Elteren oder Erzéiungsberechtegten vun engem Kand, dat den 1. September vum aktuelle Joer 4 Joer al ass, an déi an der Gemeng Nidderaanwen wunnen, ginn am Februar schrëftlech vun der Educatioun kontaktéiert.

Elteren oder Erzéiungsberechtegten, déi d'Invitatioun net kritt hunn, ginn opgefuerdert de Service Enseignement ze kontaktéieren.

Aschreiwung am Laf vum Joer

Fir Kanner, déi am Laf vum Joer an d’Gemeng Nidderaanwen kommen, sinn d’Elteren oder Erzéiungsberechtegten opgefuerdert sech direkt no der Aschreiwung am Populatiounsbüro beim Service Enseignement ze mellen.

Soubal si sech beim Schoul Sekretariat ageschriwwen hunn, ginn d’Kanner an der Schoul opgeholl a kënnen direkt an hir Classe an d’Coursen vum Cycle déi fir si virgesinn ass, goen.

Aschreiwung an eng net-ëffentlech Schoul, an enger anerer Gemeng oder Homeschooling

Am Fall wou Elteren oder Erzéiungsberechtegten, déi an der Gemeng Nidderaanwen wunnen entscheeden, hiert Kand entweder an eng Privatschoul oder an enger ëffentlecher Grondschoul an enger anerer Gemeng oder an enger Grondschoul an engem anere Land anzeschreiwen, musse si sou séier wéi méiglech de Certificat vun deeër Aschreiwung un de Service Enseignement schécken.

Wann d'Eltere sech fir den Homeschooling entscheeden, mussen sie eng Demande un
Direction de Région 10 - Gréiwemaacher maachen.

 

Gitt op d'Internetsäit vun der Schoul am Sand fir weider Informatiounen.

Contacts

Service de l’Enseignement

Secrétariat de l’école fondamentale « Am Sand »

c/o Mme Michèle LENTZ

L – 6999 Oberanven

Tél. : 34 84 73 - 600

Email : secretariat@amsand.lu


Vacances scolaires

D’Schouljoer 2021/2022

D’Schouljoer zu Lëtzebuerg fänkt e Mëttwoch, de 15. September 2021 un an dauert bis e Freideg, de 15. Juli 2022.

  • D’Allerhellegevakanz fänkt e Samschdeg, den 30. Oktober 2021 un an dauert bis e Sonndeg, den 7. November 2021.
  • *D’Grondschoulsklassen hunn op Kleeserchersdag, de 6. Dezember 2021 schoulfräi.
  • D’Chrëschtvakanz fänkt e Samschdeg, den 18. Dezember 2021 un an dauert bis e Sonndeg, den 2. Januar 2022.
  • D’Fuesvakanz fänkt e Samschdeg, den 12. Februar 2022 un an dauert bis e Sonndeg, den 20. Februar 2022.
  • D’Ouschtervakanz fänkt e Samschdeg, den 2. Abrëll 2022 un an dauert bis e Méindeg, den 18. Abrëll 2022.
  • Schoulfräien Dag um Europadag: e Méindeg, den 9. Mee 2022
  • D’Päischtvakanz fänkt e Samschdeg, den 21. Mee 2022 un an dauert bis e Sonndeg, den 29. Mee 2022.
  • Schoulfräien Dag op Päischtméindeg: e Méindeg, de 6. Juni 2022
  • Schoulfräien Dag fir d’Feierlechkeete fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc: en Donneschdeg, den 23. Juni 2022
  • D’Summervakanz fänkt e Samschdeg, de 16. Juli 2022 un an dauert bis e Mëttwoch, de 14. September 2022.

D’Schouljoer 2022/2023

D’Schouljoer zu Lëtzebuerg fänkt en Donneschdeg, de 15. September 2022 un an dauert bis e Freideg, de 14. Juli 2023.

  • D’Allerhellegevakanz fänkt e Samschdeg, den 29. Oktober 2022 un an dauert bis e Sonndeg, den 6. November 2022.
  • *D’Grondschoulsklassen hunn op Kleeserchersdag, de 6. Dezember 2021 schoulfräi.
  • D’Chrëschtvakanz fänkt e Samschdeg, de 24. Dezember 2022 un an dauert bis e Sonndeg, den 8. Januar 2023.
  • D’Fuesvakanz fänkt e Samschdeg, den 11. Februar 2023 un an dauert bis e Sonndeg, den 19. Februar 2023.
  • D’Ouschtervakanz fänkt e Samschdeg, den 1. Abrëll 2023 un an dauert bis e Sonndeg, den 16. Abrëll 2023.
  • Schoulfräien Dag um Dag vun der Aarbecht: Méindeg, den 1. Mee 2023
  • Schoulfräien Dag um Europadag: en Dënschdeg, den 9. Mee 2023
  • Schoulfräien Dag op Christi Himmelfaart: en Donneschdeg, den 18. Mee 2023
  • D’Päischtvakanz fänkt e Samschdeg, de 27. Mee 2023 un an dauert bis e Sonndeg, de 4. Juni 2023.
  • Schoulfräien Dag fir d’Feierlechkeete fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc: e Freideg, den 23. Juni 2023
  • D’Summervakanz fänkt e Samschdeg, de 15. Juli 2023 un an dauert bis en Donneschdeg, de 14. September 2022.