Pampersprimm

Op Basis vun der Deliberatioun vum Gemengerot vum 9. Oktober 2020 betreffend d‘ Entsuergung vum Offall, gëtt Familljen mat engem oder méi Kanner ënner 3 Joer ee Subside vun 60.-€ pro Semester a Kand bewëllegt.

Gëtt des Weideren ee Subside vun 60.-€ pro Semester u Persounen accordéiert, déi reegelméisseg an a grousser Quantitéit Hygiènes Artikelen brauchen, dëst awer mat engem Certificat vum Dokter.

De Subside gëtt all 6 Méint ausbezuelt, vum 1. Abrëll bis den 30. September a vum 1. Oktober bis den 31. Mäerz.

De Subside kënnt fir déi Kanner a Fro, déi an deem betreffende Semester gebuer sinn. Kanner déi an deem betreffende Semester hier 3 Joer kréien kommen net méi fir dës Fërderung a Fro.

Déi betraffe Famillje gi vun der Gemeng kontaktéiert, andeems Sie ee Formular per Post heem geschéckt kréien, deen auszefëllen a komplett un d Gemeng zeréck ze schécken ass.

Dépliant