Niedz4Kidz

SKATE BMX SCOOT & ROLLER JAM

TELEVIE-BAM "AM SAND"

D'Kanner aus der Maison Relais hunn een Deel vun de gesponserten Häerzer aus der Aktioun "Sidd och Dir mat Häerz dobäi" op de grousse Bam am Rond-Point "Am Sand" opgehaangen.
Gidd och Dir Sponsor vun engem Häerz: mat engem klengen Don an Télévie-Spuerbéchs gitt Dir Sponsor vun engem Häerz. Häerzer fannt Dir an der Maison Relais oder an der Receptioun vun der Gemeng.

 

NIEDZ4KIDZ KANNER- A JUGENDVERSAMMLUNG

De 25. Februar haten Niedz4kidz, Jugendhaus a Maison Relais op hir éischt N4K Kanner- a Jugendversammlung fir Jonker tëschent 8 an 20 Joer invitéiert.
Bei engem gemittleche Wantergrillen konnten déi Jonk hir Iddien a Gedanke matdeele wat an der Gemeng fir si nach gemaach sollt ginn.
Et huet e ganz flotten Austausch statt fonnt a weidere Versammlunge steet Näischt méi am Wee.

NIEDZ4KIDZ GOES GREEN - BAMPLANZAKTIOUN

An der "Woch vum Bam" goufen d‘Proposë vum Lex a Ben Reuter a Jesper Koob aus dem “Niedz4kidz goes green” Concours ëmgesat.
3 Klasse vum Cycle 3.2 hunn bei der Syrdall Schwëmm an op verschidde Spillplazen aus der Gemeng Kiribeem geplanzt.
Dës Bamzort ka Blieder vun 30cm Längt an 20cm Breet kréien. Et gëtt sech erwaart, dass déi Beem an Zukunft de Kanner
op der Spillplaz wärend de waarme Summerdeeg vill Schied spenden. Dës Weidere filteren d’ Kiribeem bis zu 5 mol méi CO2 wéi aner Bamzorte vum selwechten Alter.

De Lex, Ben a Jesper hunn de selwechten Dag och nach nieft der Syrdallschwëmm 1 Kiribam gesat a Präsens vu Membere vun Niedz4kidz.

Fotoen zu deser Aktioun fannt Dir an eiser Fotogallerie:

Beemplanzen mat de schoulkanner Erklärungen zum Kiribam

NIEDZ4PICZ FOTOCONCOURS

D’Gewënner vum Niedz4Picz Fotoconcours mam Thema „Meng Lieblingsplaz an der Gemeng“ stinn fest:

Dem Julie seng Lieblingsplaz ass beim Findel ze fannen, eng flott Plaz fir vill Fliigeren ze gesinn.

Dem Yannick seng Lieblingsplaz ass d’Aarnescht déi hien vun sengem Zëmmer aus gesäit.

D’Fotoen vun all den Particpanten fannt Dir an eiser Fotogallerie:

Niedz4picz

 

Coin pour les enfants / Kanner Eck / Kinderecke / Kid's Corner

Ziel vum Projet Niedz4Kidz ass et net nëmmen d’Liewen an der Gemeng Nidderaanwen aus den Ae vun de Kanner ze gesi mee virun allem si dëst aktiv matgestalten ze loossen. Och an Zukunft wäerten Aktivitéiten op Basis vun nonformeller Bildung organiséiert gi wou all Jonken tëscht 9 an 12 Joer aus der Gemeng Nidderaanwen häerzlech invitéiert ass matzemaachen.

Bulletin 3/2019

Bulletin 2/2019

Bulletin 4/2018

Bulletin 2/2018

Bulletin 1/2018

Porte ouverte - Bulletin 4/2017

Graffiti - Maison relais Nidderaanwen - Bulletin 3/2017

E Projet, fir an mat de Kanner aus der Gemeng Nidderaanwen - Bulletin 2/2017