Maison Relais


Maison Relais Niederanven
Rue du Coin
L-6999 Oberanven


Tel.: (+352) 26340068 - 1
Fax : (+352) 26340068 - 23
E-mail :

Den Accueil an der Maison Relais geet moies fréi virun der Schoul un, wou d’Kanner an enger waarmer a gemittlecher Atmosphère empfaang ginn. Do kënnen si da spillen oder en équilibréiert Moiesiessen genéissen.

Fir d’Kanner vum Cycle I.1 ass den Accueil iwwer de ganzen Dag garantéiert, esou ewéi och fräi ze wielen Aktivitéiten, déi de ganzen Dag ugebuede ginn.

Mëttes kréien d’Kanner e gesonde waarme Plat ze iessen, den all Dag frësch an der Haus eegener Kichen ugebuede gëtt.

All Nomëttes lafen och vill interessant Projeten an Aktivitéiten nieft der Hausaufgabenhëllef. Zousätzlech kollaboréiert d’Maison Relais och mat villen lokale Veräiner a mat der Musekschoul.

Während de Schoulvakanzen ginn all d’Kanner hei betreit a kréien och thematesch verschidden Aktivitéiten ugebueden.

Internetsäit vun der Maison Relais