Den Donneschden, 27. Abrëll 2023, hu mir eis um Komplex ,,Am Sand'' zesummefonnt, fir d'Biomass-Cogeneratiounsanlag anzeweien. Duerch d'Ëmstellung vum Wärmenetz vun Erdgas op Holzpellets gëtt um Komplex ,,Am Sand'' den CO2-Ausstouss vun der Gemeng an Zukunft am Joer ëm 1.370 Tonne reduzéiert.
Bei wonnerschéinem Wieder gouf de Méinden, 3. Abrëll, eng weider Editioun vum Maart ofgehalen. Vill interesséiert Leit hunn de Wee op d'Maartplaz fonnt, fir hei ë.a. hir Ouschterakeef ze maachen.
Wärend der Mobilitéitswoch 2022 huet d'Gemeng Nidderaanwen eng Ëmfro lancéiert, bei där d'Awunner d'Méiglechkeet haten, hir Iddien a Propose fir eng Verbesserung vun der Mobilitéit an der Gemeng eranzereechen. De Mëttwoch, 29. Mäerz, goufen den Awunner elo zesumme mat Schroeder & Associés d'Resultater vun dëser Ëmfro am Centre des loisirs ,,Loisi'' presentéiert.