Gemengeliewen
2026-10-18 00:00:00+02:00

Spadséiergang an Austausch (4-6 km)

18.10.2026

Balade-Groussebësch
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Sonndeg den 18 Oktober 2026 vun 09:00 - 12:00

- Aktivitéit am Kader vun de Woche vum mentale Wuelbefannen -

Mir verbréngen haut e groussen Deel vun eisem Alldag virun Ecranen a liewen dacks an engem hektesche Rhythmus. An enger Zäit, déi vu stänneger Disponibilitéit, zouhuelender Digitaliséierung a Beweegungsmangel gepräägt ass, ass et net ëmmer einfach, op dat eegent Wuelbefannen opzepassen.

Dofir invitéiere mir Iech häerzlech, Iech bei engem gemeinsame Bëschspadséiergang nees op dat Wesentlecht ze besënnen. Op enger Streck vu ronn 4 bis 6 Kilometer begleed eis d'S.à.r.l. Natur-Beweegung-Entwécklung a weist op, wéi d’Natur, d’Beweegung an déi mënschlech Begéinungen dozou bäidroe kënnen, dat bannescht Gläichgewiicht ze stäerken an nei Energie ze tanken.

Zesumme entdecke mir Weeër fir méi Opmierksamkeet, Wuelbefannen a Verbonnenheet an enger Welt, an där perséinlech Kontakter a kierperlech Aktivitéit dacks ze kuerz kommen.

Mir freeën eis drop, mat Iech e puer inspiréierend Stonnen an der Natur ze verbréngen a gemeinsam nei Impulser fir méi Wuelbefannen am Alldag ze entdecken.

D'Aschreiwunge si limitéiert op maximal 15 Persounen. D'Awunner vun de Gemenge Betzder, Jonglënster an Nidderaanwen hu Virrang.

Plaz: Groussebësch Niederanven (tëschent Nidderaanwen a Rued-Sir)

Delai fir sech anzeschreiwen: 09.10.2026
Aschreiwung: 28 13 73-224 | [email protected]