Gréngen Eck

Newsletter eroflueden


Energie Label

Zënter dem 1. Mäerz 2021 hunn e puer elektresch Apparater den neien EU Label fir den Energieverbrauch kritt. Déi fréier Energie Label ginn no an no aktualiséiert a méi verständlech Energie Klassen déi vun A bis G ginn. Déi al Plus Zeechen (A +, A ++ A +++) gehéieren der  Vergaangenheet un. Nei Ekodesign Ufuerderunge fir déi jeeweileg Produkt Kategorien goufen och décidéiert. Si stellen weider Ufuerderungen un d’Ressourceeffizienz, wéi z.B. d ‘Disponibilitéit vun Ersatzdeeler an Zougang zu Reparatur Instruktiounen. Dës sinn och den 1. Mäerz 2021 a Kraaft getrueden.

Déi nei Energie Label si gülteg fir déi folgend Produkter a kënnen an de Geschäfter fonnt ginn:

  • Fernseher
  • Bildschiermer (Energie Label fir all Kategorie vu Bildschierme sinn nei fir dës Produkt Kategorie)
  • Spullmaschinnen
  • Frigo an Tiefkühler inklusiv Wäischaf a Minibar
  • Wäschmaschinnen a Wäschtrockner (Wäschen an Dréchnen kombinéiert an engem Apparat)
  • Frigosthéiken

Ofhängeg vun der Produkt Kategorie ginn Apparater aus der Top Klass A +++ an Zukunft an de Klasse B, C oder D klasséiert. Déi nei Top Klass A wäert wuel eréischt an e puer Joer erreecht ginn (wann iwwerhaapt) wann d ‘Energieeffizienz vun de betraffene Produkter net méi op der Basis vun der neier Ecodesign Directive kann optimiséiert ginn.

Produkt Kategorië

Geschätzte Mindestufuederung

Frigo an Tiefkühler

op d ‘mannst Klass D

Wäschmaschinnen <8 kg

op d ‘mannst Klass C

Wäschmaschinnen = /> 8kg

op d ‘mannst Klass B

Spullmaschinnen

op d ‘mannst Klass B


Newsletter eroflueden


Lichtsmog

Endlech ass et esou wäit. Déi schéin Zäit vum Joer an där mir duerch flott beliichten Stroossen schlenderen a wou eis Virfreed op d’Feierdeeg klemmt, steet virun der Dier. Dobäi muss ee Virgäertchen net onbedéngt esou hell wei d’Landepist vum Findel erstrahlen fir d’Adventszäit anzeleeden. Och beim Rëschten matt Liichterketten ass d’Devise “Manner ass méi”, well des Beliichtung huet och hier Schiedsäiten.

Wéi dir un der Affiche hei erkennen kënnt, ass den negativen Afloss vun ze vill Beliichtung grouss fir Mënsch an Ëmwelt : Schlofproblemer, Depressiounen an en erhéichte Kriibsrisiko duerch ee gestéierten Melatoninhaushalt sinn nëmmen e puer negativ Effeten op eis Gesondheet. Des Weideren ginn ebenfalls vill Déieren an hirem Dag-Nuecht-Verhalen gestéiert, wat hier Gesondheet negativ beaflosst.

Dofir rëscht w.e.g wa méiglech ärt Haus mat “waarmen” LED (≤ 3000 K), déi een un hirer oranger Faarf erkennen kann, amplaz vun “kalen” LED (> 3000 K) mat engem bloen Toun. Orange Luucht ass am Verglach zur bloer vill manner perturbant fir den Kierper. Des Weideren hutt dir schonn ee groussen Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach, wann dir Chrëschtbeliichtung an der Nuecht (23h‑6h) manuell oder per Zäitschaltauer ausmaacht.

Infographik Manner Luuchten Niederanven