Ëmwelt Mëttwoch
Informatiounsowend iwwert d'Resultater vun der Mobilitéitsëmfro 2022 (15.03.23)
Wärend der Mobilitéitswoch 2022 hu mir als Gemeng eng Ëmfro lancéiert, bei där d'Awunner d'Méiglechkeet haten, hir Iddien a Propose fir eng Verbesserung vun der Mobilitéit an eiser Gemeng eranzereechen. Elo wëlle mir Iech d'Resultater vun dëser Ëmfro präsentéieren an invitéieren heifir häerzlech op den Informatiounsowend, den 29. Mäerz um 18h30 am Loisi! Kommt och Dir laanscht a loosst eis zesummen diskutéieren!
Themenowend iwwer Photovoltaik (08.03.23)
Setzt op d'Sonn, eng nohalteg an erneierbar Energiequell! Zesumme mat de Gemenge Schëtter, Conter, Sandweiler a Weiler-zum-Tuerm, dem SIAS an der Klima-Agence, invitéiere mir Iech op den Themenowend iwwer Photovoltaik, den 22. Mäerz um 19h00 am Centre Culturel zu Sandweiler. Eng Energie-Expertin vun der Klima-Agence beäntwert bei dëser Konferenz all Är Froen. Den Owend gëtt op Lëtzebuergesch ofgehalen an den Entrée ass gratis!
Resultater vun eise Beméiunge fir Energie ze spueren (01.03.23)
E klenge Bléck op d'Resultater vun eise Beméiunge fir an eise Gemengegebaier Energie ze spueren. Vun Oktober 2022 bis Januar 2023 konnte mir am Verglach zu leschtem Wanter am Ganze 16,5% Gas aspueren - esou kann et weidergoen!
Eischten Audit am Kader vum NaturPakt (22.02.23)
Am Kader vum NaturPakt ass eis Gemeng an hierem éischten Audit mat 41,3% vun der maximaler Punktzuel an der Basiskategorie zertifiéiert ginn. Virun Allem am Beräich ,,Naturschutz allgemeng” hu mir mat 86,5% e grousse Schrëtt gemaach an eis Beméiungen droe Friichten. Esou kann et weidergoen.
Léiert méi iwwert eis Beméiungen am Kader vum NaturPakt:
Sue spueren duerch richteg Hëtzen (15.02.23)
Wéi eng Temperatur fir wéi ee Raum? Kuckt Iech déi interessant Infographik vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg un a spuert Suen duerch richteg Hëtzen!
Eis Klimaschutzbeméiungen (08.02.23)
Am Kader vum KlimaPakt ass eis Gemeng mat 73% vun der maximaler Punktzuel an der Kategorie 3 zertifiéiert ginn. Virun Allem am Beräich ,,Kommunikatioun, Kooperatioun'' hu mir mat 79% e grousse Schrëtt gemaach an eis Beméiungen droe Friichten. Esou kann et weidergoen.
Méi Infos iwwert de KlimaPakt fannt Dir hei!
Energie-Spuerconcours (01.02.23)
Maacht vum 1. Februar bis den 31. Mäerz 2023 mat beim Energie-Spuerconcours vun der Klima-Agence a gewannt mat e bësse Chance en Elektrovëlo!
Energiespueren ass d'Gebot vun der Stonn. Vill Stéit iwwerdenken am Moment hir Gewunnechten a probéieren, keng Energie ze verbëtzen. Hutt Dir och wëlles, Ären Energieverbrauch ze optimiséieren, Är Ofhängegkeet vun Energieliwwerungen a Krisenzäiten ze reduzéieren a beim Klimaschutz bäizedroen?
Wat musst Dir dofir maachen?
Den Challenge vum Concours besteet dodran, den Energieverbrauch tëschen dem 1. Februar an dem 31. Mäerz 2023 ze reduzéieren. An dësen Zäitraum gëtt mam Zäitraum vum Virjoer verglach.
Fir deelzehuelen, musst Dir der Klima-Agence Är Verbrauchswäerter vum Virjoer schécken an op hirer Internetsäit www.energie-spuerconcours.lu hannerleeën, respektiv per Mail u spuerconcours@klima-agence.lu schécken. Dir fannt dës Wäerter am Espace-Client vun Ärem Energieversuerger.
Zum Schluss vum Zäitraum reecht Dir der Klima-Agence da fir dee selwechten Zäitraum vun dësem Joer d'Wäerter eran.
Fir weider Informatiounen iwwert de Concours an den Zougang op de Formulaire fir deelzehuelen, kënnt Dir op www.energie-spuerconcours.lu kucke goen.
#waarmepulloverdag (25.01.23)
Sech doheem oder op der Schaff e bësse méi waarm undoen an dofir d'Heizung e bëssen erofdréinen, fir Energie ze spueren - maacht och Dir mat beim europäesche Waarmepulloverdag, den 9. Februar.
Maacht mat bei eisem Gewënnspill op Facebook! Deelt Är Foto am waarme Pullover mat eis hei ënnert dëse Post op Facebook, setzt den #waarmepulloverdag a gewannt mat e bësse Chance eng flott Drénkfläsch vun eiser Gemeng. De Gewënner gëtt vun eis mat engem Post den 10. Februar 2023 annoncéiert.
App fir Waasserstänn an Héischwaasser (18.01.23)
An deene leschten Deeg huet et gutt gereent an et ass am ganze Land zu Héichwaasser an Iwwerschwemmunge komm. Ma wosst Dir, dass Dir Iech mat der App fir Waasserstänn an Héichwaasser Är eegen Alerten zesummesetze kënnt? Lued Iech elo ,,Meine Pegel'' erof (App Store | Google Play Store) a gitt mat Zäiten iwwert de Waasserstand an Ärer Regioun informéiert.
Aktivitéiten am Kader vum Klimapakt 2022 (11.01.23)
Am Joer 2022 huet eis Gemeng méi ewéi 70 Aktivitéiten am Kader vum Klimapakt lancéiert bzw. ëmgesat. Zu dësen Aktivitéiten ziele beispillsweis:
- de Start vum Ruffbus Syrdall zesumme mat der Gemeng Schëtter
- d'Aféierung vun der ëmweltfrëndlecher Charta fir Veräiner
- d'Kreatioun vun der Broschür fir ekologesch Subsiden
- d'Organisatioun vum éischte Repair Café den 18. Juni 2022 am Centre polyvalent ''A Schommesch'' mat insgesamt 18 Reparaturen
- d'Aktiounen zur Fërderung vum Krunnewaasser wéi d'Verdeelung vu gratis Waasserfläsche fir d’Schoulkanner an d'Personal an d'Installatioun vun 10 Waasserfontänen a kommunale Gebaier
- d'Workshoppen iwwert d'Richtlinne vum „Klimapakt“, dem Klimaupassungs- an dem Mobilitéitskonzept
- d'Deliberatioun vum Ressourcëkonzept, den Energiespuermesuren an den Haaptlinne vum Klimapakt fir 2030
FLEX-Carsharing (04.01.23)
Säit dem Joreswiessel stinn an eiser Gemeng insgesamt 4 Autoe bei eisen 3 Carsharing-Statioune vu Flex by CFL. Dës Statioune befanne sech:
- zu Nidderaanwen bei der Spuerkeess
- zu Ueweraanwen bei der Märei
- zu Sennengerbierg beim Waassertuerm
Den Déngscht vu Flex‑Carsharing bitt iech d’Méiglechkeet een Auto fir eng gewëssen Zäit ze notzen, ouni een Auto mussen ze kafen. Fir vun dësem Déngscht profitéieren ze kënnen, braucht dir nëmmen d’ App vu Flex an een Abonnement. Fannt weider Informatiounen op flex.lu oder an dësem Flyer.
Flex Flyer Commune de Niederanven 2022 (Deutsch)
Flex Flyer Commune de Niederanven 2022 (Français)
Verbuet vun Freedefeier (28.12.22)
Perfekte Kaddo (21.12.2022)
Fannt hei puer nëtzlech Tipps, falls Dir nach net den perfekten Kaddo fir d’ Chrëschtdeeg fonnt hutt: EBL - Perfekte Kaddo
www.energie-spueren.lu (14.12.22)
Oekotopten.lu (07.12.22)
Luedstation beim Waassertuerm um Sennéngerbierg (30.11.22)
Dag vum Bam (23.11.22)
Ëmwelt Charta (16.11.22)
Stroumbedarf reduzéiert (09.11.22)
Mat dem Austausch vun der gesamter ëffentlecher Beliichtung op LED, huet den respektiven Stroumbedarf an den leschten Joeren ëm 40 % ofgeholl.
Des Weideren ass den Stroumverbrauch vun den ëffentlechen Gebaier an den leschten Joeren duerch verschidden Moossnamen ëm 15 % reduzéiert ginn.
Energie spueren / Économiser l'énergie (02.11.22)
Nodeems mir d'lescht Woch d’Energiespuermesurë vun der Gemeng gewisen hunn, fannt Dir hei eng Hëllef, wéi Dir privat Energie spuere kënnt.
Energiespuer-Kit (12.10.22)
Fannt dësen Flyer an ärer Boîte an kommt bis laanscht een Energiespuer-Kit sichen
Vél'Oh (05.10.22)
Europäesch Mobilitéitswoch (28.09.22)
Hei e puer Andréck vun der „Europäescher Mobilitéitswoch“ vum 16. bis de 22.09.22 zu Nidderaanwen. Organiséiert goufen:
Verdeelung vu Croissante mat Fairtrade-Schockela,
4 Vëlostier an ee Geschécklechkeetsparcours fir Kanner
2 Workshoppe fir d’ Mobilitéit an der Gemeng ze plangen.”
Aktioun Wëllstauden (21.09.22)
Well eis Aktioun fir Beem ze planzen d ‘lescht Joer ee grousse Succès hat offréiert d’ Gemeng Nidderaanwen Iech dofir gären e Pak mat 6 Wëllstaude fir beim Haus ze planzen. Schéckt de Formular, dee bei Iech an der Post war bis den 30.09.2022 zeréck un d’ Gemeng Nidderaanwen.
Invitatioun Mobilitéitswoch 2022 (14.09.22)
Mir invitéieren Iech häerzlech, un de verschiddenen Evenementer vum Programm vun der Mobilitéitswoch 2022 an eiser Gemeng deelzehuelen, déi dëst Joer ënnert dem Thema ,,Better connections / Besser Verbindungen'' leeft.
- Grousse Mobilitéitsdag zu Nidderaanwen
- Workshop ''Aktiv Mobilitéit''
- Workshop ''Espace Routier''
Tour du Duerf 2022 (07.09.22)
Mobilitéitswoch 2022 (31.08.22)
Leitungswaasser weider fërderen (24.08.22)
Covoiturage (17.08.22)
Momentan sinn d‘ Stroossen manner belaascht wéi üblech. Fir dass dat och ausserhalb vun der Congészäit de Fall bleift, probéiert mol Covoiturage. Niewent der Verréngerung vum Trafic, huet dëst och ee positiven Afloss op d’ Ëmwelt an äre Portmonnie.
Vu Bierger fir Bierger! (10.08.22)
Mir ginn Iech d’ Méiglechkeet een Artikel mat Bezuch zur Ëmwelt an der Gemeng Nidderaanwen am Ëmwelt Mëttwoch ze verëffentlechen. Är Iddien interesséieren eis.
Wat musst dir dofir maachen?
Schreift ee klengen Artikel iwwer Natur- an Ëmweltthemen.
Eesproocheg geet duer (lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch)
Schéckt en bis de 15.9 per Mail un secretariat@niederanven.lu
Enn September gëtt de beschten Artikel publizéiert. (anonym oder mat ärem Numm)
Vëlosummer (03.08.22)
Pünktlech fir de Vëlosummer, wou ee groussen Deel vum Syre- an Uelzechtdall-Tour op dem Terrain vun der Gemeng Nidderaanwen verleeft, ass de Belag vum Wee tëschent Nidderaanwen an Iernster frësch gemaach ginn.
Urban Forestry (27.07.22)
Nei Beschëlderung am "Parc de l'Europe" (20.07.22)
Fërderung vum Leitungswaasser (06.07.22)
Energiewochen (29.06.22)
Erëmverwendbar Wëndelen (22.06.22)
Erëmverwendbar Wëndelen, wéisou net? Fannt op eiser Internetsäit gutt Grënn, de Wegwerfwëndelen de Réck ze dréien. Des Weidere gi mir als Gemeng e Subsid, deen d'Uschafung vun de Stofwëndelen deckt.
Repair Café (15.06.22)
Dir hutt Kleeder, Miwwelen, kleng elektresch Geräter, Spillsaachen, Vëloen oder och aner Objete bei Iech doheem, deenen Dir gär en zweet Liewen erméiglecht?
Da kommt de Samschden, 18. Juni op de Repair Café ,,A Schommesch'' a loosst eis zesummen Är Saache reparéieren.
Solardachkataster (08.06.22)
Workshop Klimapakt (01.06.22)
Är Meenung ass eis wichteg! Dofir hëlleft eis déi richteg Ziler fir 2030 ze definéieren an huelt um Workshop den 29.6 deel. Wann dir net vertraut sidd mat den Sujeten vum Klimapakt, dann informéiert Iech virdrun an der Informatiounsversammlung den 27.6.
Invitatioun Workshop KlimaPakt-Bierger
Broschür fir Subsiden (25.05.22)
Den Ëmwelt Mëttwoch vun dëser Woch hutt dir net op den sozialen Medien, mee an ärer Boite fonnt. Hei fannt dir déi Onlineversioun vun der Broschür fir d’ Subsiden.
NIEDERANVEN BROCHÜRE SUBSIDEN LU-FR
Mam Vëlo op d'Schaff (18.05.22)
Fairtrade Ausstellung (04.05.22)
Botz-Aktion (27.04.22)
Energieverbrauch (20.04.22)
Fréijoersbotz (13.04.22)
Vëlosweeër (06.04.22)
Klima Agence (30.03.22)
Gebuertsdag (23.03.22)
Kompost (16.03.22)
Wéi all Joer stellt Gemeng Nidderaanwen hire Bierger zum private Gebrauch gratis Kompost zur Verfügung. De Kompost fannt dir dat ganzt Joer niewent dem Recyclingszenter an der rue Jacques Lamort. Fir onnéidegen Offall ze vermeiden, ass de Kompost net a Plastikstuten, mee fräi als Koup op geschott. Aus dësem Grond sidd dir gebidden ären eegene Behälter zum Transport mat ze bréngen.
Reduzéierung vun den Heizkäschten (09.03.22)
Well déi aktuell Fraise fir d ’Hëtzt staark a Luucht ginn, fannt dir hei puer einfach Tuyauen zur Reduzéierung vun de Käschten,
- Temperatur ofsenken: 1°C entsprécht 6% Käschten
- Fënster net op d’ Kipp maachen: 4-6 Minutte ginn duer
- Virum Lëften d’ Heizung aus maachen.
- Nuets Jalousien a Rideauen zou maachen.
- Heizkierper entlëften a botzen
- Heizkierper net mat Miwwelen a Rideaue bedecken
- Temperatur nuets a bei Absence mat elektronesche Reegelungen ofsenken
- Dieren zou maachen
- Fënster an Dieren zou maachen
Weider Informatioune fannt Dir ob www.cleverhetzen.lu
Primm Elektrovëlo (02.03.22)
https://www.facebook.com/myenergy.lu
Ruffbus Syrdall (23.02.22)
Ab dem 1. Mäerz fusionéiert de Ruffbus vun der Gemeng Nidderaanwen, de Charly, mat dem Syri-Express vun der Gemeng Schëtter zum gemeinsame Ruffbus Syrdall. Dës Fusioun erméiglecht eng effizienter Notzung vun de béide Bussen, déi an hirem neien Design dat ganzt Gebitt vun den 2 Gemenge befuere wäert. Niewent den zwou Gemenge ginn och puer Statiounen an den Nopeschgemenge Betzder, Contern a Sandweiler ugefuer.
Duerch déi effizient Notzung vun den zwee Busse kann de Ruffbus Syrdall och de Rehazenter an d’ Spidol Robert Schuman um Kierchbierg ufueren. Doduerch huet d’ Gemeng Niederanven erëm eng direkt Busverbindung mat dem Spidol an dem Rehazenter, déi no der Upassung vum RGTR-Plang ewech gefale waren.
De Ruffbus Syrdall ass fir d’ Bierger vun der Gemeng Nidderaanwen a Schëtter gratis. Dir kënnt är Fuert ënner dem Telefonsnummer 28 108 -39 reservéieren.
Veloskaart.lu (16.02.22)
Op veloskaart.lu goufe fir de Vëlo problematesch Plazen opgelëscht. No Analys vun der Kaart, si mir frou matdeelen ze kënnen, dass fir déi meescht Plazen Etudë lafen oder souguer schonn Upassungen duerchgefouert gi sinn. Den aktuellste Chantier zur Verbesserung vum ëffentleche Raum fir de Vëlo, ass den neie Chantier an der rue Routscheed. Do gëtt ee Chemin mixte fir ee séchere Wee a Schoul amenagéiert.
Enoprimes - LED (09.02.22)
Mäin Offall-app (02.02.22)
Säit dëser Woch ass d’ Gemeng Nidderaanwen Partner vun der “Mäin Offall”-App vun der Ëmweltverwaltung.
- De virtuellen Offallkalenner erméiglecht dem User, d‘Sammlungen vir seng Adress zu all Moment ze kucken, ob Pabeier, Valorlux oder Biopoubelle ;
- De User kann sech Erënnerungen vir verschidde Sammlungen ariichten. Sou gëtt een zum Beispill um Virowend virun der Sammlung mat enger Push-Noriicht drun erënnert, seng Poubelle virun d’Dier ze stellen ;
- Op der interaktiver Kaart fënnt een all ëffentlech Sammelpunkten, sief et Container, mobil Sammlung vun der SuperDrecksKëscht® oder Ressourcenzenter;
- En Offalllexikon gëtt Tipps, wou wéien Offall am beschten entsuergt ka ginn ;
- Falls eng Sammlung ausfält oder geännert gëtt, kritt de User d’Informatioun iwwert eng Push-Noriicht vu senger Gemeng direkt op de Smartphone
Natura 2000 (26.01.22)
Als eng vu wéinege Gemengen, si mir Member an 2 Comité de Pilotage-Natura 2000. Fannt hei den Newsletter vum COPIL Mamer-Äischdall-Gréngewald.
Carboncounter.lu (19.01.22)
Bereet Iech op eng ëmweltfrëndlech Entscheedung um Autofestival 2022 vir! Mam Tool carboncounter.lu krit Dir gehollef verschidde Modeller ze vergläichen an ee smarte Choix ze treffen.
Superdreckskëscht (12.01.22)
Ëmweltfrëndlech Virsätz 2022 (05.01.22)
Verzicht op Freedefeier (29.12.21)
Heizkäschte reduzéieren (22.12.21)
Mam Ufank vum astrologesche Wanter gëschter, wäerten är Heizungen an den nächste Wochen op Héichtoure lafen. Fannt hei puer Tuyauen, wéi dir är Heizkäschte reduzéiere kënnt.
Gewunnechte beim Schenken (15.12.21)
Sidd Dir nach op der Sich no dem perfekte Kaddo fir Frënn a Famill? Dann loosst Iech heimat inspiréieren an iwwerdenkt är Gewunnechte beim Schenken.
De Filter am Zigarettenstomp (08.12.21)
De Filter am Zigarettestomp besteet aus Plastik an zersetzt sech net an der Natur. All Stomp, wou an ee Kulang geschmass gëtt,
geléngt an eis Gewässer a Baachen, wou iwwer 4000 déidlech Substanzen aus dem Filter geschwemmt ginn.
Eng Äerd (01.12.21)
Nächsten Dënschdeg 7.12 um 19:00 fënnt d‘ Ausstrahlung vum Film „Eng Äerd“ zu Ueweraanwen am Centre polyvalente „A Schommesch“ statt. Den Film ass op lëtzebuergesch mat franséischem an engleschem Ënnertitel. No dem Film gëtt eng Diskussiounsronn zur Sammlung vun Iddien duerchgefouert.
Woch vum Bam Nidderaanwen (24.11.21)
Vum 18.11 bis den 20.11 hunn am Kader vum 30ten Dag vum Bam eng sëlleg Aktiounen zu Nidderaanwen stattfonnt. D’ Woch vum Bam huet de 18.11 mat enger Konferenz vum Fierschter Pit Lacour zum Thema “Eise Bësch – E Liewensraum mat ville Funktiounen” am Centre polyvalent “A Schommesch” ugefaangen. Viru 25 interesséierten Nolauschterer huet de Pit Lacour déi verschidde wichteg Aufgabe vum Bësch erkläert.
Freideg den 19.11 stoung fir de Cycle 3.2 komplett am Zeeche vum Bam. Moies um 10:00 sinn déi 3 Klasse vum Cycle 3.2 a verschiddene Gruppe bei d’ Syrdall Schwämm an op verschidde Spillplazen aus der Gemeng Kiribeem planze gaangen. Dës Bamzort ka Blieder vun 30cm Längt an 20cm Breet kréien. Et gëtt sech erwaart, dass déi Beem an Zukunft de Kanner op der Spillplaz während de waarme Summerdeeg vill Schied spenden. Dës Weideren filtere d’ Kiribeem bis zu 5 mol méi CO2 wéi aner Bamzorte vum selwechten Alter. Duerno sinn d’ Kanner bei de Chalet am Groussebësch gefouert ginn, wou hinnen den Nick Heiter vum SIAS weider Informatiounen zur Biodiversitéit ginn huet. Als Stäerkung kruten d’ Kanner a Schoulpersonal vun der Fierschterequipe gegrillt. Duerno huet de Fierschter de Kanner nach puer Informatiounen zum Bësch ginn an hinnen den Ënnerscheed tëschent Eechen a Bichen erkläert. No dësen Erklärungen ass et am Bësch mat enger Planzaktioun weider gaangen. Zesumme mat der Fierschterequipe hunn d’ Kanner Bichen an Eechen am Bësch geplanzt. Als Undenken huet all Kand eng Tiitche mat Blummesom vum SIAS geschenkt kritt.
Ofschléissend goufe Samschdeg den 20.11 laanscht déi al Strooss beim Fligerdenkmal 12 Äppelbeem fir déi Neigebuere vum Joer 2020 geplanzt. No deem Beem geplanzt goufen, sinn d’ Kanner mat den Eltere vun enger Päerdskutsch vum Leederwon op ee Patt an ee klenge Maufel bei de Chalet an de Groussebësch gefouert ginn. Beim Chalet ukomm, kruten déi vertruede Familljen ee Nistkästchen mat dem Logo vun der ANF an der Gemeng Nidderaanwen geschenkt.
Ebenfalls haten d’ Bierger vun der Gemeng Nidderaanwen d’ Méiglechkeet een Uebstbam fir doheem ze bestellen. Eng 50 Stéck sinn an der Woch vum Bam un déi verschidde Bierger vum Gärtnerdéngscht geliwwert ginn.
D’ Ëmweltkommissioun freet sech op d’ Ausaarbechtung vun dem Dag vum Bam 2022 an op ee genau sou groussen Erfolleg. D’ Ëmweltkommissioun seet dem Fierschter mat senger Equipe, dem SIAS, den Aussendéngschter vun der Gemeng an der Schoul villmools Merci fir hier Engagement am Kader vun der Woch vum Bam.
Beemplanzen mat de Schoulkanner
Woch vum Bam (17.11.21)
Am Kader vum Dag vum Bam vun der Fondatioun Hëllef fir d’ Natur, huet d’ Gemeng Nidderaanwen zesumme mat der Ëmweltkommissioun, dem Fierschter an der biologescher Statioun vum SIAS eng Woch vum Bam mat sëllegen Aktioune geplangt.
Méi Gréngs (10.11.21)
Fannt hei puer flott Tippen, wéi mir méi Gréngs an eise Stied an Dierfer kréie kënnen a wat fir ee positiven Afloss dat op d’ Klima, d’ Biodiversitéit an d’Liewensqualitéit huet
MyEnergy@home (03.11.21)
AKW myenergy at home 22.11.-26.11.21
Klimapakt-Dag (27.10.21)
Méindeg den 11.10 war de Klimapakt-Dag an der Luxexpo um Kierchbierg. No thematesche Workshoppen um Moien, wou ee gudden Austausch tëschent de Gemengen, MyEnergy an dem Mobilitéitsministere stattfonnt huet, ass Mëttes de KlimaPakt 2.0, sou wéi seng Partner genauer virgestallt ginn. Als Gemeng si mir immens houfreg, dass mir um Klimapakt-Dag eis Zertifizéierung vun 2019 mat 65,8% iwwerreecht kruten. Des Weideren huet eise Schäffe Fréd Ternes en flott Bild vum Projet vun der Renovatioun vun der Grondschoul, vun der Madamm Ëmweltministesch Carole Dieschbourg iwwerreecht kritt. D’ Renovatioun vun der Grondschoul gëllt opgrond senger héijer Energieaspuerung als projet phare fir d’ Energie an d’ Klima.
Nei Relance fir d’Solarenergie (20.10.21)
Fir d’ Entwécklung vun der Solarenergie zu Lëtzebuerg weiderhin ze promovéieren, huet de Ministère fir Energie a Raumentwécklung eng gréisser steierlech Flexibilitéit fir kleng Photovoltaikanlagen annoncéiert.
Réckwierkend ob den 1. Januar 2021 ass d’ Akommes aus dem Verkaf vu Solarstroum aus Photovoltaikanlage mat enger Leeschtung bis zu 10 kWp vu Steiere befreit.
De Grenzwäert fir d’ Steierdispens klëmmt soumat bei Photovoltaikanlage mat enger installéierter Leeschtung vu 4 kWp op 10 kWp.
Dëse steierleche Virdeel ergänzt déi gënschteg Aspeistarifer fir de produzéierten an an d’ Netz agespeiste Stroum, souwéi d’ PRIMe-House-Investitiounsbäihëllefen.
Weider Informatioune fannt dir op cleversolar.lu.
Auswäertung Froekatalog (13.10.21)
D’ Gemeng Nidderaanwen seet de Bierger Merci fir hier Suggestiounen a Kriticken zur Mobilitéit an der Gemeng. Fannt hei d’ Auswäertung vum Froekatalog.
Stroumverbrauch (06.10.21)
Fannt hei puer Beispiller, wou mir de Stroumverbrauch an der Gemeng iwwer déi lescht Joere reduzéiere konnten.
Aktioun "Gielt Band" (29.09.21)
Passend zum Dag géint Liewensmëttelverschwendung, kënnt dir ab haut Uebst vu Beem mam “GIELEN BAND” plécken.
Kommt op Gemeng är giel Bänner sichen, wann dir ze vill Uebst am private Bongert hutt.
Hei eng Lëscht vun den verschiddenen Plazen:
- Park hannert dem CIPA
- Beem tëschent dem Match an der Syrdall Schwemm
Respektéiert w.e.g déi folgend Regelen:
- Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
- Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
- De Bam däerf net beschiedegt ginn.
- D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
- Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
- Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
- Blockéiert keng Zoufaarten.
- D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.
„Europäescher Mobilitéitswoch“ (22.09.21)
Hei e puer Andréck vun der „Europäescher Mobilitéitswoch“ vum 16.09.21 bis 22.09.21 zu Nidderaanwen. Organiséiert goufen:
- 1 Konferenz mam Dr Georg Wendt zum Thema „Beweeg dech, a bleif gesond
- 7 verschidde Parcoursen duerch d’Gemeng fir Foussgänger, Rollstullfuerer/Rollator a Vëlosfuerer (MTB & Coursevëlo) vun all Alter
- 1 nei Pedibus-Linn aus dem Quartier „Mielstrachen“ ass getest ginn
- Aweiung vun der Vel’Oh Statioun „Am Sand“
Konferenz am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch (15.09.21)
D’Mobilitéitswoch start muer mat der Konferenz vum Dr. Georg Wendt. Huelt un de verschiddenen Aktioune vun der Mobilitéitswoch deel!
https://www.niederanven.lu/lu/mobiliteitswoch
Tour du Duerf (08.09.21)
Dëse Freideg start den “Tour du Duerf”. Mir als Gemeng Nidderaanwen huelen zesumme mat den anere SIAS-Gemengen drun deel.
Enoprimes (01.09.21)
Am Kader vun dem enoprimes-Programm bitt d ‘Gemeng Nidderaanwen zesumme mat Enovos senge Bierger ee Set mat 10 gratis LED Biere vum Typ E27 un. Dës LED kënnt dir vum 30.8.2021 bis den 28.2.2022 op d’ Gemeng siche kommen. De Bon, deen dier op der Gemeng virweise musst, fannt dir am Gemengebuet 4/2021. De Wiessel vun ale Bieren op modern LED ass ee klenge Geste mat engem groussen Impakt op ären Energieverbrauch. Mat dëser Aktioun wëlle mir als Gemeng eis Bierger zum Energiespueren animéieren.
Mellt problematesch a geféierlech Plaze fir de Vëlo! (25.08.21)
Ëmmer méi Leit wëlle Vëlo fueren ...
…mee och wann sech eppes fir de Vëlo an de leschte Jore gedoen huet, sinn d’Infrastrukturen nach vill ze oft net wéi se sollte sinn. Et feelen deels Vëlospisten a wann der do sinn, sinn se net ëmmer sécher. Weider Problemer sinn onnéideg Ëmweeër, Hindernisser, wéineg Confort oder schlecht Beleeg a villes méi.
Wëllt Dir och net länger nokucken?!
Wëllt Dir mathëllefen datt et viru geet an datt de Vëlosverkéier am Land méi sécher gëtt?!
Dann drot Är problematesch Vëlosplazen – a wann Dir wëllt och Är Ureegunge fir d’Situatioun ze verbesseren – ganz einfach op enger interaktiver Kaart an! Am beschten och mat Foto oder Video. De Projet leeft bis den 31. Oktober 2021.
Uschléissend wäerte mir dës Informatiounen anonym un déi betraffe Gemengen an den Transportministère weiderleeden a se der Press virstellen.
Iwwregens… 2020 goufen och schonn wärend 3 Méint Iddieë gesammelt: Iwwert 300 Ureegunge krute mir zougeschéckt! Den Echo bei de Gemengen an an der Press war grouss!
DËST JOER SOLL GEMEINSAM NACH MÉI ERREECHT GINN!
Quell: meco.lu (8.2021)
Aktioun "Gielt Band" (18.08.21)
Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!
Aktioun “Gielt Band” vum Landwiertschaftsministère an dem Syvicol
D’ Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat Däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a laanscht d’Landstroossen. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken an nach villes méi.
Mat der Aktioun “Gielt Band” ruffen de Landwiertschaftsministère an den Syvicol d ‘Biergerinnen an d ‘Bierger dozou op, sech eng flott a nohalteg Manéier géint Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren. D’ Gemeng Niederanven, déi bei der Aktioun matmëscht, markéiert déi entspriechend kommunal Uebstbeem mat engem gielen Band. Jiddwer privaten Bongertsbesëtzer däerf gratis säin Bongert mat engem gielen Band markéieren.
Charte de bonne conduite
Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:
Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem gielen Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
- De Bam däerf net beschiedegt ginn.
- D’ Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
- Huelt nëmmen souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
- Hannerloosst d’ Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
- Blockéiert keng Zoufaarten.
D’ Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.
Biodiversitéit Grénganlagen (04.08.21)
Mir als ëmweltbewosst Gemeng këmmeren eis em méi Biodiversitéit an eisen Dierfer. Aus deem Grond huet eisen Service jardinage zesummen mam SIAS déi kommunal Grénganlagen mat Wëllplanzesom ausgeséit. Grénganlagen an der Gemeng bestinn ënner anerem aus 1552 m2 Schotterrasen, 7737 m2 Blummewisen an 670 m2 Staudenbeeter. D’ Zil vun dëser Aktioun ass et faarwefrou Grénganlagen ze maachen, déi den Beien, Päiperleken an Vigel Nahrung ze bidden.
Den Schotterrasen besteet aus faarwegen Blummenzorten, déi net ze grouss ginn an Dréchent verdroen. Den Som gëtt op een Substrat aus 0-16er Kallekschotter an Kompost ugeséit. Dës Zort fannt dir oft op Verkéiersinselen an Stroosseränner.
D’ Blummewisen bestinn zu 50 % aus Grieser an zu 50 % aus Kraider. Sie ginn no der Entfernung vun der Grasnarb op den bestehenden Buedem ugeséit.
Staudenbeeter bestinn aus enger Mëschung vun Wëll- an Zierstauden, déi zum gréissten Deel einheimesch sinn. Déi verschidden Zorten bidden Beien an Bommelen vill Méiglechkeeten sech ze ernären. Duerch d’ Uplanzung op engem närstoffaarmen Kalleksubstrat gëtt d’ Opkommen vun Onkraut reduzéiert.
Dir hutt bestëmmt och schonn een weidert positiivt Resultat niewent dem Impakt op Déierewelt gesinn. An zwar verschéineren déi verschidden Blummenzorten souwuel d’ Wisen an den Stroosseraum.
Vëlosummer 28.07.2021
Am Kader vum Vëlosummer sinn den gesamten August an der Gemeng Niederanven 2 Tiers ausgeschëldert. Deen um Plang giel gezeechenten “Syre-an Uelzechtdall-Tour” an den mauve gezeechenten “Syredall Tour”. Op dësen Tiers ginn an der Gemeng Niederanven keng Stroossen extra fir den Autostrafic gespaart. Fir d ‘Sécherheet vun den Cyclisten ze garantéieren, wäert allerdéngs d’ Parken op den Parksträifen an der “rue de Munsbach” während dësem Zäitraum verbueden sinn.
Dir kritt Brochuren vum Vëlosummer mat den verschidden Weeër an der Receptioun vum Gemengenhaus! An dësen Brochuren fannt dir sämtlech Weeër an Informatiounen zum Vëlosummer 2021.
Héichwaasser- an Staarkreengefor Niederanven (21.07.21)
Lescht Woch ass eis Land vun groussen Massen un Reen getraff ginn. Eng sëllech Gemengen hunn missen géint extrem Iwwerschwemmungen kämpfen. D’ Gemeng Niederanven ass bei dësen Wiederen gutt dovun komm. Ob dat ëmmer den Fall wäert sinn oder ob eis Gemeng och vun Héichwaasser getraff kann ginn, gitt dir am weideren gewuer.
Mat grousser Sécherheet wäert zu Niederanven keen Héichwaasser opgrond vun laang unhalendem Reen entstoen. Grond dofir ass, dass bis op een Deel vun der Syr am Naturschutzgebitt Schlammwiss / Brill, d’ Gemeng Niederanven keng gréisser Gewässer huet. Aneschters gesäit et am Fall vun Evenementer mat Staarkreen aus, wou an kuerzer Zäit grouss Massen Reen rofkommen. An sou Fäll kënnen d’ Bouneschbaach zu Niederanven, d’ Aalbach zu Senningen an d’ Iernsterbaach zu Ernster eng staark Stréimung entwéckelen. Des Weideren kënnen verschidden Stroossen an der Gemeng liicht ënner Waasser stoen. Eng genau Kaart zu deenen betraffenen Plazen fannt dir hei.
Opgrond vun der zouhuelener Heefegkeet vun dësen Wierderphänomener plangt d’ Gemeng Niederanven ënner anerem Retentionsbecken an Neibaugebieter, souwéi d’ Renaturéierung vun verschiddenen Baachen.
Loftqualitéit (14.07.21)
Eng gutt Loftqualitéit ass immens wichteg fir Mënsch an Ëmwelt. Bei enger schlechter Loftqualitéit kann et beispillsweis schiedlech sinn an der fräier Loft Sport ze maachen. Mat Hëllef vun der App “Meng Loft” kënnt Dir an Echtzäit gesinn, wéi d’ Loftqualitéit bei Iech an der Géigend ass.
Mat Hëllef vun dëser Modelisatiounskaart kënnt Dir mat enger 1 km2-Opléisung d’ Loftverschmutzung duerch Ozon, NOx an Feinpartikel innerhalb Lëtzebuerg gesinn. Eng Previsioun vun bis zu 2 Deeg bezüglech den Ozonwäerter fannt Dir hei. Wann Dir per E‑mail oder SMS am Viraus zu héijen Ozonwäerter gewarnt wëllt ginn, dann schreift Iech um Site vum Environnement an.
Des Weideren kënnt Dir den annexéierten Abschlussbericht vum Monitoring vun der Loftqualitéit um Findel liesen. Do fannt Dir sämtlech detailléiert Informatiounen bezüglech dem Afloss vum Loftverkéier ob eisen Gemengen Territoire.
LIST Abschlussbericht Flughafen Findel
Infotipp Luedstatioun (07.07.21)
Dir installéiert iech gären eng privat Luedstatioun? Wësst awer net wéieng? Dann kuckt um Site vun myenergy no! Denkt drun, d’ Gemeng Niederanven subventionéiert är private Luedstatioun.
Sortéieren vum Offall (30.06.21)
D’ Gemeng Niederanven këmmert sech net nëmmen opgrond vun dem Offalltaxenreglement em Reduzéierung an d’ Sortéieren vum Offall, mee och duerch d’ Installatioun vu genügend an adäquaten Poubellen (Haushaltsoffall, biologeschen Offall, Glas an Pabeier) an den öffentlech- kommunalen Gebaier esou wei och bei kommunalen Manifestiounen am Aussenberäich.
Soumat ass garantéiert dass, duerch een uerdentlechen a gewëssenhaftenTri, den Quantum un Offall verklengert bzw. Ressourcen geschount kënnen ginn.
Een uerdentlechen Tri vum Offall suergt dofir, dass recycléierbar Material, wéi Glas, Pabeier an PET-Fläschen net verbrannt an soumat als Ressource net verluer ginn. Des Weideren kann den biologeschen Offall genotzt ginn fir Kompost hierzestellen. Dat féiert dozou, dass den Kreeslaf garantéiert ass an d’ organesch Nährstoffer aus dem Offall rëm an den Buedem bzw. an d’ Uebst an an d’ Geméis geléngen.
Fir och doheem en uerdentlechen Tri garantéieren ze kënnen, hunn Gemengen vum SIAS een “Guide du Tri” raus bruecht, un dem Dir Iech orientéieren kennt.
Let's make the climate cool again (23.06.21)
Hutt dir schonn dat nei Konschtwierker op der Mauer beim Busarrêt an der rue d ’Ernster zu Ueweraanven gesinn? Den Ben Carter, een international unerkannten Kënschtler aus eiser Gemeng huet am Kader vun sengem Projet “LETS MAKE THE CLIMATE COOL AGAIN” verschidden Pingouinen gezeechent, déi op der Flucht vum Klimawandel sinn. Wéi hien selwer seet, stinn Pingouinen un viischter Front vum Klimawandel. D’ Noutlag vun den Pingouinen faasst net nëmmen d’ Bedroung vum Klimawandel, mee och den Verloscht vun der Aartenvielfalt zesummen. Dës Wierk ass och eng Aart d’ Bewosstsënn vum Mënsch bezüglech dem Klimawandel ze schärfen. Falls dir weider Informatiounen bezüglech dem Ben Carter an senger Konscht wëllt, gitt op säin Site: www.bencarter.lu/environmental1
Drénkwaasser (16.06.21)
Drénkwaasser ass dat am beschten kontrolléierten Liewensmëttel an gehéiert séit 2002 zu den fundamentalen Mënscherechter. Drénkwaasser an der Niederanvener Gemeng besteet zum Deel aus Waasser vum Stauséi an zum Deel vun natierlechen Quellen, déi sech um Gemengen Territoire befannen. Interessant Informatiounen zum Drénkwaasser fannt dir entweder op drenkwaasser.lu oder op eisem Site an der Rubrik Ëmwelt/Waasser: www.niederanven.lu/lu/emwelt/meng-emwelt/waasser.
Des Weideren fannt dir ëmmer déi aktuellsten Waasseranalysen op eisem Site, sou kënnt dir gudden Gewëssens Waasser aus dem Krunn drénken an komplett op Fläschenwaasser verzichten. Dës huet ebenfalls een positiven Afloss op d’ Minimiséirung vum Plastiksknascht.
Lärmschutz Wärmepumpe (09.06.21)
D‘ Wärmepompel gëllt als “Déi Wärmequell vun der Zukunft”, allerdéngs gëtt se oft opgrond vum Kaméidi kritiséiert. Dat féiert dozou, dass een groussen Deel vun der Bevëlkerung sech weiderhin géint d ‘Uschafung vun enger Wärmepompel entscheed.
Mat dësen puer Tipps an Tricken kënnt dir den Kaméidi reduzéieren.
- Installéiert eng méi leeschtungsstaark Wärmepompel. Wärmepompelen mat enger geréngerer Leeschtung lafen oft am Vollastbetrib, wat zu héijem Kaméidi an Betribskäschten féiert.
- Fir den Kaméidi an der Nuecht ze vermeiden, schalt den Nuechtbetrib aus. Bei entspriechend grouss dimensionéierten Waasserspäicheren kann een och op den Nuechtbetrib verzichten.
- Den Ventilator ass déi Haaptquell vum Kaméidi bei enger Wärmepompel. Vermeit also direkt Siichtverbindungen vum Ventilator zu eegenen Fënsteren oder Fënsteren vum Noper. Des Weideren soll d ‘Installatioun vun der Bausseneenheet net op oder virun haarden Flächen oder Maueren installéiert ginn. Des Flächen reflektéieren den Schall an verstäerken soumat d’ Lautstäerkt vun den Geräischer. Bei installéierten Anlagen, ass et am nachhinein ëmmer nach méiglech, Schallschutzhauben unzebréngen, déi den Schall emleeden.
- D’ Bannenopstellung vun der Wärmepompel ass déi rouegsten Variant. Allerdéngs soll een oppassen, dass duerch flexibel Ubannungen vun den Leitungen den duerch Vibratiounen entstanenen Kierperschall ënnerbrach gëtt.
- Dës Kierperschalliwwerdroung kann ebenfalls duerch eng, wéi bei den Wäschmaschinnen bekannten, elastesch-dämpfend Opstellung a Richtung Bueden an Fassad ënnerbonn ginn.
Secher mam velo (02.06.21)
An den nächsten Wochen kënnt rëm d’ Phase vum idealen Vëloswieder. Mat dësen Tuyauen kommt och dir SÉCHER MAM VËLO un är Zil.
Aktioun vum Schutz vun der Artenvielfalt (26.05.21)
Am Kader vum Dag zum Schutz vun der Artenvielfalt lescht Woch, hunn mir zesummen mat der Schoul den Liewensraum fir d’ Insekten an eiser Gemeng verbessert. Fir d’ Schüler bezüglech dësem Thema am Beschten sensibiliséieren ze kënnen, ass bewosst den Schoulgaart fir des Aktioun gewielt ginn. Am Schoulgaart gouf een Insektenhotel opgeriicht, wat vun den Kanner mat Schilf an hëlzenen Bléck gefëllt gëtt. An den hëlzenen Bléck sinn kleng Lächer gebuert, wou d’ Insekten nisten kënnen. Niewent dem Insektenhotel ass ebenfalls een Bamstamm opgeriicht ginn, an deen no dem selwechten Prinzip kleng Lächer gebuert ginn an soumat weider Nistméiglechkeeten fir d’ Insekten entstinn. Op der Récksäit vum Insektenhotel wäerten an noer Zukunft Fotoen an Info fir Kanner affichéiert ginn. Ebenfalls goufen op dëser Platz en puer Hockeren als Setzméiglechkeeten fir Kanner plazéiert.
Des Weideren ass zesummen mat Schüler den Hiwwel an Richtung Strooss mat Som fir Blummen an Grieser ugeséit ginn. Do wäert lo an den kommenden Wochen eng flott faarweg Blummewiss entstoen, vun der d’ Insekten och profitéieren kënnen.
En groussen Merci geet un déi Responsabel vun der Schoul, dem SIAS an dem ANF fir hier Hëllef bei der Realisatioun vun dësem Projet.
Ëmstrukturéierung vum Wanderweenetz (19.05.21)
Zesummen mam ORT Guttland (Office Régional du Tourisme du Centre et de l'Ouest) an dem Syndicat d’initiative de la Commune de Niederanven si mir als Gemeng amgaangen sämtlech Wanderweeër nei ze plangen an ëm ze strukturéieren. D’ Zil ass et d’Quantitéit vun den Weeër ze miniméieren fir Qualitéit ze steigeren bzw. op engem héijen Niveau erhalen ze kënnen.
An dem Kader sinn bis well 8 Aarbechtskreeser mat interesséierte Bierger duerchgefouert ginn. Dorënner och 2 Aarbechtskreeser bezüglech engem Familie frëndlechen Wanderwee am Groussebësch, an 2 iwwer regionale Mountainbikeweeër, zesummen mat der Gemeng Schëtter an Betzder.
Niewent dem Naturpfad duerch d’Naturschutzgebitt Aarnescht wäert an enger 1. Phase een 9,4 km laange Wanderwee, deen den Groussebësch an d’ Aarnescht verbënnt als Guttland-Trail ausgeschëldert ginn. Des Weideren gëtt an der selwechter Phase zesummen mam éisterräicheschen Bureau d’étude Pronatour ee ronn 3 km laangen Wanderwee fir Famille mat Kanner geplangt. An enger 2. Phase ass eng Verbindung tëscht der Schlammwiss an dem Naturschutzgebitt Menster Brill geplangt. Et besteet d’ Iddi zukënfteg ee Kulturwee als Verbindung tëscht de Sehenswierdegkeeten vun der Gemeng, an den Ausbau vun engem Wanderwee am Grengewald ze plangen.
Den familiefrëndleche Wanderwee duerch den Groussebësch wäert iwwer de bestehenden Hexenwee a laanscht de Chalet deels op dem bestoenden Wee, deels op natierlechen Bëschbuedem verlafen. Entlaang dem gesamten Wee wäerten dezent Statiounen entstoen, déi souwuel de Kanner ewéi och den Elteren den Bësch, d’ Déieren an Aarbechten am Bësch méi no bréngen. D’ Zil vun dësem Wee ass et Grouss an Kleng iwwer d ’Noutwennegkeet an den Aufgaben vun der Natur ze sensibiliséieren.
Fairtrade Wochen (05.05.21)
Léif Bierger, de Mee ass de Mount vun de Fairtrade Wochen. All Joer rifft d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg hir Partner an d’Bierger op sech un de Fairtrade Wochen ze bedeelegen. Mir, als Fairtrade Gemeng, maache selbstverständlech mat. Schléisst och dir iech un.
MyEnergy (28.04.21)
Hutt dir an noer Zukunft Wëlles är Haus ze renovéieren, är al Chaudière géint eng nei Anlag mat erneierbaren Energien ze tauschen oder iech een Elektroauto ze kafen? Dann huelt Deel un engem online Interview vun myenergy.
News: https://www.myenergy.lu/fr/mediatheque1/actualites/votre-avis-nous-interesse
Quelle, Baache, Flëss (21.04.21)
Léif Lieserinnen an Lieser,
Sidd Dir dorun interesséiert, méi iwwer den Zoustand vun de Quellen, Baachen, Flëss, Weieren a Séien an Ärer Géigend erauszefannen? Wëllt Dir wëssen, wéi mir am internationalen Vergläich stinn?
Dann maacht mat an huelt um WaterBlitz Lëtzebuerg deel, dee vum 7. bis den 10. Mee stattfënnt. Dir kritt ee gratis Waassertestkit zougeschéckt, deen einfach ze benotzen ass, an Dir kënnt Är Resultater direkt iwwer d’Freshwater Watch App deelen. Alleguerten d’ Daten wäerten oppen zougänglech sinn op der FreshWater Watch Websäit. Fir Iech unzemellen klickt op dësen Link.
Wat méi Leit matmaachen, wat mir e bessert Verständnes zum Zoustand vun eisen Uewerflächengewässer a Lëtzebuerg kréien. Sot dowéinst verwannten, befrënten a bekannten Persounen Bescheed, an deelt d’Event iwwert Facebook, Instagram an Twitter, andeem Dir den #WaterBlitz notzt.
De WaterBlitz Lëtzebuerg gëtt scho fir d’ zweete Kéier vun der Universitéit Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat Eartwatch organiséiert a leeft gläichzäiteg mat dräi weideren Eventer a London, Dublin a Paräis. D ‘lescht Event am September 2019 war ewell e groussen Erfolleg. Méi wéi 80 motivéiert Persounen hunn an zirka 50 Uewerflächewaasserkierper iwwert 100 Datepunkte gesammelt! Aus dësen Date konnt scho wäertvoll Informatiounen iwwert den Zoustand vun de lëtzebuergesche Gewässer gewonne ginn. D’WaterBlitzer gi gesponsert vun der Royal Bank of Kanada als Deel vun hiren Efforten ëm Waasserqualitéit an Europa.
De WaterBlitz ass Deel vum NEXUS CITIZEN SCIENCE Projet vun der Universitéit Lëtzebuerg. D’ Zil vum Projet ass et, mat interesséierte Gruppen a Lëtzebuerg zesummenzeschaffen a gemeinsam Citizen Science Projeten unzestoussen. Participativt Waassermonitoring zielt dorop of, neit Wësse fir Bierger- a Wëssenschaft souwéi Politik ze generéieren a Léieren duerch Erfahrungen am Ëmgang mat Waasser an Ëmwelt unzereege fir méi Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg.
Bei Froen, kënnt Dir eis gäre schreiwen (karl.pickar@uni.lu)
Mat frëndleche Gréiss
D’WaterBlitz Team
Subside fir Opluedestatiounen fir Elektroautoen (14.07.2021)
An der Gemengerotssëtzung vum 5. Februar 2021 gouf e Subsid fir privat Opluedestatioune fir E‑Autoe gestëmmt. D' Zil vun dëser Subventioun ass et d' Bierger ze ënnerstëtzen CO2-neutral Gefierer ze kafen a gläichzäiteg de Problem vu feelenden Opluedstatiounen ze léisen.
De Gemenge Subsid ass mat deem vum Staat verbonnen. D' Gemeng bezilt 50% vum staatleche Subsid fir d' Installatioun vun enger privater Opluedestatioun. Dobäi kënnen d ‘Subventiounen op 100% vun der staatlecher Subventioun eropgoen, wann déi privat Opluedestatioun mat enger Photovoltaikanlag verbonne gëtt an den E-Auto sou mat Solarenergie geluede gëtt.
Weider Informatiounen sou wéi de Formulaire fir d' Gemengesubsiden unzefroen fannt Dir op eiser Websäit ënner der Rubrik Ëmwelt / Subsiden an Subventiounen.
Des Weideren goufen Primen am Kader vum “Neistart Lëtzebuerg” bis Enn Mäerz 2022* verlängert.
(*ënner Virbehalt vum Ofschloss vum legislative Prozess)
Niewent der Verlängerung vun dësen Primen, sinn ebenfalls nei Subventiounen fir 100% elektresch Autoen vum Staat an lancéiert ginn. Dës Konditiounen, souwéi weider Informatiounen fannt dir ënner cleverfueren.lu.
Change the Future – Hëlleft eis d’ Zukunft vun eiser Gemeng matze gestalten (07.04.2021)
D’ Klimakris stellt eis all virun Erausfuerderungen. Den Staat an d’ Gemengen, mee och Betriber – an natierlech all eenzelen vun eis – kënnen duerch hier Verhalen villes zum Positiven beaflossen. Genau dorop zielt Campagne “Change the Future” of, déi vum Klima-Bündnis entworf gouf an un där sech eis Gemeng bedeelegt.
Genéisst Lokales, verzicht op den Standby-Modus, notzt den Vëlo, den Bus an d’ Bunn oder gitt Deel vun der Energiewend. D’ “Change the Future” Tool (an DE, FR & EN) bitt Gruppen an Eenzelpersounen een Wee fir sech fir een gutt Liewen anzesetzen. Mat dem Tool ginn mir den Awunner eiser Gemeng d’ Méiglechkeet, schonn mat klengen Aktivitéiten een Beitrag zur grousser Transformatioun ze leeschten. Jiddwereen op seng Aart an no sengem Rhythmus, woubäi et zu all Aktivitéit vill prakteschen Tipps gëtt.
Innerhalb vun der Gemeng kënnen sech bont gemëschten Gruppen zesummen fannen – egal ob gemeinsam mat der Famill, Kolleg*innen, Noperen oder Frëndinnen. Och als Eenzelpersoun kann een deelhuelen, den internetgestützten Tool eegent sech immens fir Schoulen an Betriber!
Wou méi Aktivitéiten erfollegräich duerchgefouert ginn, ëmsou méi “Changer Points” ginn et.
Maacht mat an ënnerstëtzt eis Gemeng am Asatz géint Klimakris! All weider Informatiounen an Umellungen fannt dir ënner www.change-the-future.lu !
Natierleche Kompost - de Schlëssel fir Pestizid fräi Gäert (31.03.2021)
Wat si Pestizidien a firwat sollt Dir se vermeiden?
Pestizidien si virun allem gëfteg Chemikalien, entwéckelt fir Onkraut oder Schädlingen ze vernichten. Awer méi ewéi 90% vun dëse chemesche Substanzen erreechen net d'Zilschued. Se kommen an de Buedem, wou se sech mam Grondwaasser mëschen. Zousätzlech kënnen se awer och aner Gebidder erreechen duerch Oflaf oder duerch den Afloss vum Wand. Als Resultat kann ee soen dass d’Pestizidien all Deeler vun der Ëmwelt (Buedem, Waasser, Loft) contaminéieren. Schon haut kënne se a bal all Uewerflächen- a Grondwaasser nogewise ginn an dofir och a ville Liewensmëttel.
Wa mir de Pestizid Zyklus kucken, kënne mir soen datt d'Mënschen sech esou selwer vergëften. Fir dëst ze vermeiden, solle Pestizidien allgemeng vermeit ginn.
Ee vun de Schlëssele fir Pestizid fräi Gäert ass den natierleche Kompost. Wann Dir Äre Gaart richteg mat organeschem Dünger oder Kompost düngt, wuessen d'Planzen méi staark a ginn esou vill méi resistent géint Krankheeten oder Schädlingen, déi ebe soss matt Pestizidien géife bekämpft ginn. Fir d'Bierger um Wee fir e Gaart ouni Pestizidien ze ënnerstëtzen, bitt d'Gemeng Nidderaanwen, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schëtter, dat ganzt Joer iwwer gratis Kompost un, nieft dem Recyclingscenter an der rue Jacques Lamort. Dir kënnt es do selwer apaken a fir Äre private Gebrauch notzen.
Zigarettestëmp - klenge Filter, enorm Verschmotzung (24.03.2021)
All Joer gi 4,5 Milliarden (4.500.000.000.000!) Zigarettestëmp ronderëm d'Welt ewechgehäit. Den Zigarettenstomp ass den Offall deen de gréissten Impakt op d'Ëmwelt huet. Si gi meeschtens fräi an d'Ëmwelt geworf, op d'Strooss oder an de Kulang vun de Stroossen. Am Géigesaz zu dem wat oft ugeholl gët, gëtt d'Ofwaasser aus de Stroosse Kulangen net an d'Kläranlag geleet, mä geet direkt an eis Gewässer. Dëse klengen Zigarettestomp verursaacht enorm negativ Chargen op d'Ëmwelt.
Am Géigesaz zum viischten Deel vun der Zigarett, deen aus Pabeier an Tubak besteet ass a sech an Damp an Äschen beim Konsuméieren opléist, gëtt de Filter aus Celluloseacetat gemaach. Celluloseacetat ass e schwéiere Plastik den sech ganz schwéier nëmmen zersetzt. Celluloseacetat zerfält a frëschem Waasser nëmmen no 15 Joer, am Salzwaasser kann et souguer bis zu 400 Joer daueren. Dann zersetzen d’Zigarettefilter sech an Mikroplastik a ginn ëmmer méi zur grousser Belaaschtung fir d'Ozeaner an d’Gewässer.
Och wann den Celluloseacetat Zigarettefilter e ganz groussen Impakt op d'Ëmwelt huet, ass et nëmmen den zweeten schlëmmsten Impakt vum Stomp. Den Zigartettefilter filtert d'Schadstoffer aus der Zigarett, esou datt se net an de mënschleche Kierper kommen. Eng Zigarett enthält bis zu 4000 schiedlech Substanzen, wouvun déi meescht dovu nom Fëmmen am Filter bleiwen. Wann de Filter a Kontakt mam Waasser kënnt, ginn dës gëfteg Substanzen duerch Wäsche fräigelooss, dat heescht datt en Zigarettestomp tëscht 40 a 60 Liter Waasser contaminéiere kann.
Dëst bedeit datt 4.7 Mol de Waasser Volumen vum Bodensee all Joer vun ewech geheiten Zigarettestëmp verschmotzt gëtt.
Sidd Dir dorun interesséiert, méi iwwer den Zoustand vun de Quellen, Baachen, Flëss, Weieren a Séien an Ärer Géigend erauszefannen? Dann mellt Iech bis den 2. Mee un an huelt um #WaterBlitz Lëtzebuerg deel, dee vum 7. bis den 10. Mee 2021 stattfënnt.Sidd Dir dorun interesséiert, méi iwwer den Zoustand vun de Quellen, Baachen, Flëss, Weieren a Séien an Ärer Géigend erauszefannen? Dann mellt Iech bis den 2. Mee un an huelt um #WaterBlitz Lëtzebuerg deel, dee vum 7. bis den 10. Mee 2021 stattfënnt.