Emwelt an der Gemeng
D’ Natur läit der Gemeng Nidderaanwen säit jeehier um Häerz. E Groussdeel vum Gréngewald, deem gréissten zesummenhänkende Bësch vu Lëtzebuerg läit um Territoire vun eiser Gemeng. Eng ganz Rei Natura-2000-Schutzzonen a virun allem och d’Naturschutzgebidd op der Aarnëscht gehéieren zu eisem Patrimoine, deen et als Gemeng onbedéngt, am Interessi vun alle Bierger ze erhalen gëllt.
Als Klimabündnis-Gemeng setzt Nidderaanwen sech och dofir an, der Klimaerwiermung op lokalem Plang entgéintzewierken, dëst virun allem als Verflichtung vis-à-vis vun den zukünftege Generatiounen.
Nidderaanwen ass och eng Fairtrade-Gemeng an iwwerhëlt domat och Verantwortung fir de Produzenten an der Drëtter Welt e méi en héicht Akommes an domat e bessert Liewen ze erméiglechen.
Mir schaffen an deem Beräich mat enger Rei vu kompetente Partner zesummen, déi eis mat hirem Fachwëssen aktiv ënnerstëtzen: