Ziler 2030
Zu deene vum Ëmweltministère a vum Energieminstère am PNEC „Le Plan national intégré en matière d’énergie et de climat“ fir 2030 festgeluechten Ziler, zielen:
- Reduzéierung vun den Zäregasen ëm -55% par Rapport zu 2005
- Steigerung vun den erneierbaren Energië vun 11% op 25%
- Steigerung vun der Energieeffizienz vu 40% bis 44%
Mir als Gemeng setzen eis Ziler an Ofstëmmung mat dëse Virschrëften a maachen eis Bescht fir alles ze erreechen an am beschte Fall ze iwwertreffen.
De gesamten nationalen Energie- an Klimaschutzplang fannt dir hei.
Zousätzlech zum nationale Plang, hunn mir zousätzlecher Konzepter fir d’Entwécklung bis 2030 ausgeschafft:
Integréierten nationalen Energie- a Klimaplang Lëtzebuerg 2021-2030
Leitbild Nidderaanwen - Klimapakt 2.0
An Ausaarbechtung sinn d’Mobilitéitskonzept an d'Klimaupassungskonzept.