CityApp Niederanven

De Schäfferot ass houfreg d'Aféierung vun der neier CityApp Niederanven dierfen unzekënnegen. 
Vun elo kënnt Dir d'App Niederanven am Appstore an am Google Store eroflueden. 

Dank Iech hu mer scho sëllech Problemer an der Gemeng geléist, Trëppelweeër gi méi genotzt an duerch äre Feedback kënne mer eis zukünfteg Ëmfroen besser auswäerten. Als Plus hu Dir wéi schonn an der Presentatioun ugeschwat, d' Horaire vum Bus am Iwwerbléck an weiderhin d'Iwwersiicht iwwert d'Aktualitéiten an den Agenda an der Gemeng.

De Schäfferot seet dem Syndicat d'Iniative de la Commune de Niederanven, de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Niederanven an HotCity Merci fir Zesummenaarbecht an d'Realisatioun vun dësem Projet.