Thematesch Trëppelweeër

Um ëstleche Bord vum Gréngewald, um Sennéngerbierg, do wou esou vill Quelle lafen, do geet d’Gemeng Nidderaanwen un . Si läit an engem pittoresken natierleche Kader an ass zanter laange Joren am gaangen sech ëmmer virun ze entwéckelen. Zu der Gemeng gehéieren d’Uertschaften Nidderaanwen, Ueweraanwen, Hueschtert, Rammeldang, Iernster, Sennéng, Sennengerbierg, Waldhaff a Stafelter. 

Zur Zäit huet d’Gemeng Nidderaanwen ëm déi 6100 Awunner an hir Populatioun ass vun 48% Auslänner mat 81 verschidden Nationalitéiten zesummegesat.

Wéinst de ville Quellen war dës Regioun vu Nidderaanwen zënter Jordausenden ëmmer scho bevölkert.

Zesummen mam Syndidat d’Initiative an den Amis de l’Histoire huet d’Gemeng a allen Uertschaften didaktesch Trëppel Weeër ugeluecht, wou speziell Schëlder de Leit vun de geschichtlechen, kulturellen an natierleche Gegebenheeten vun de Plazen erzielen.

Eng ganz Panoplie vu Broschüren déi d’Detailer vun dëse Weeër weisen kënnt Dir an de Rezeptioun vun der Gemeng kafen.

Méi Informatiounen doriwwer ginn et och um Site : http://www.gfn.lu et http://www.sicn.lu

 

Ëmstrukturéierung vum Wanderweenetz

Zesummen mam ORT Guttland (Office Régional du Tourisme du Centre et de l'Ouest) an dem Syndicat d’initiative de la Commune de Niederanven si mir als Gemeng amgaangen sämtlech Wanderweeër nei ze plangen an ëm ze strukturéieren. D’ Zil ass et d’Quantitéit vun den Weeër ze miniméieren fir Qualitéit ze steigeren bzw. op engem héijen Niveau erhalen ze kënnen.

Niewent dem Naturpfad duerch d’Naturschutzgebitt Aarnescht wäert an enger 1. Phase een 9,4 km laange Wanderwee, deen den Groussebësch an d’ Aarnescht verbënnt als Guttland-Trail ausgeschëldert ginn. Weider Weeër ginn an verschidden Aarbeschtskreeser geplangt.

Aus deem Grond kënnt dir lo op d’ Gemeng iech gratis d’ Broschüren vun deenen alen Wanderweeër sichen kommen. Dir fannt se direkt an der Entrée am Présentoir.