D’Wuert vum Buergermeeschter
Wëllkomm !
Léif Matbierger, léif Visiteuren,
Ech heeschen iech ganz häerzlech wëllkomm hei op eiser neier Internetsäit vun der Gemeng Nidderaanwen.
Fir dass de Gebrauch vun dëse Säit nach méi einfach gëtt hate mir décidéiert elo all Rubriken duerchzegoen an ze vereinfachen.
Zesummen mat de Leit vun “Nvision” hu mir dëse Konzept op d’Been gestallt fir déi verschidde Servicer ze verbesseren an eben nach méi effizient kënnen fir eis Matbierger do ze sinn.
De Site weist e ganz neien Design op, wou déi verschidden Sparten vill méi iwwersiichtlech an einfach ze bedénge sinn, esou dass jiddereen den eppes sicht et och schnell an einfach fanne kann.
Eis Offer geet vun den Aktualitéiten iwwer Servicer um Bierger bis d’Présentatioun vu geschichtlechen, sozialen, kulturellen a sportlechen Hannergrënn. Um Site fannt dir och eng nei interaktiv Kaart wou Adressen an Eventer ugewise ginn.
Vun elo un braucht Dir iech och net méi fir all administrativ Démarche bis op d’Gemeng ze déplacéieren. Vill Demanden ewéi z.B. e Zertifikat froen oder e Sall lounen kann een elo online maachen.
Léif Awunner, Dir kënnt eis Efforten hei ënnerstëtzen andeems Dir net zéckt eis Suggestiounen oder Verbesserungsvirschléi eran ze schécken, fir dass eise Site eben richteg fir iech op d’Mooss geschneidert ass.
Ech bedanken mech schonns am Viraus fir är léif Hëllef a wënschen iech weiderhin vill Spaass beim Entdecken vun der neier Internetsäit.
Äre Buergermeeschter ,
Raymond Weydert