Douzelage

Call for participation: Douzelage General Meeting

Verëffentlecht den 01 March 2025
GM-Call-Preveza

Den 49. General Meeting vum Douzelage fënnt dëst Joer vum 16. bis 18. Oktober 2025 statt!

Ënnert dem Thema ,,D'Integratioun vu Stad an Natur an d'Protectioun vun natierleche Liewensraim an Zesummenhang mam Tourismus'' invitéiert d'Stad Preveza a Griechenland op dat alljärlecht Treffe vun den insgesamt 28 Partnerstied vum Douzelage. Fir eis Gemeng um GM ze vertriede siche mir:

  • 2 offiziell Delegéierter fir den General Meeting (GM)
  • 1 Vertrieder aus dem pedagogesche Beräich fir den Educational Meeting (EM)
  • 2 jonk Erwuessener tëschent 18 a 25 Joer fir de Youth Meeting (YM)

Interesséiert als offizielle Representant vun der Gemeng Nidderaanwen mat op Preveza ze goen? Da schreift eis bis spéitsdens de 16. Mäerz 2025 e Mail u communication@niederanven.lu a gitt kuerz un, firwat Dir Iech als gëeegent Persoun fir dës Roll gesitt.

Dokumenter fir Erofzelueden