Ëmfro am Kader vum Projet IMPULS
Verëffentlecht den 22 January 2025
Am Kader vum Projet IMPULS*, luede mir iech häerzlech an, un dëser Ëmfro iwwert d’Sportentwécklung an eiser Gemeng deelzehuelen. Är Meenung ass eis wichteg, well se hëlleft eis, d’Off er u Sport- a Beweegungsméiglechkeete weider ze verbesseren an op Är Besoinen anzegoen. Dëse Froebou behandelt verschidden Aspekter ronderëm kierperlech Aktivitéit, sou wéi Är perséinlech Aschätzung iwwert d’Sportinfrastrukturen, déi et aktuell an eiser Gemeng ginn. Dir hutt d’Méiglechkeet Wënsch auszedrécken a konstruktive Feedback ze ginn.
D’Ëmfro ass anonym an all d’Date gi streng vertraulech behandelt. Är Äntwerte gi just fir d’Weiderentwécklung vun de Sportofferen an eiser Gemeng genotzt.
Partizipatioun bis den 19. Februar inclus iwwert dëse Link: https://www.soscisurvey.de/bev...